Infrabel-Linn 49

Eisebunnsstreck Welkenraedt-Raeren

D'Linn 49 ass eng Eisebunnslinn vun Infrabel an huet fréier vu Welkenraedt iwwer Eupen bis op d'Gare vu Raeren gefouert huet.

Linn 49 a Richtung Eupen vun der Barriär Buschbergerweg zu Kettenis aus gesinn

D'Streck hat eng Totallängt vu 14 km a war eegleiseg. Zu Raeren hat se deemools Uschloss un d'Linn 48 a Richtung Däitschland an a Richtung Sankt Vith. Vun der Gare Welkenraedt huet se Uschloss un d'Linn 39 a Richtung Gemmenich, an un d'Linn 37 (Léck-Hergenrath).

Haut gëtt nach just den Deel vu Welkenraedt op Eupen befuer. D'Linn ass do op hirer ganzer Längt vu 5,9 km mat enger Spannung vun 3 kV elektrifizéiert, an et kënne Vitesse bis 90 km/h gefuer ginn. Op der kuerzer Streck gëtt et, well se duerch kleng Uertschafte féiert nach en ettlech onbewuechte Gleisiwwergäng.

1984 gouf op politeschen Drock vun der däitschsproocheger Communautéit d'Streck vu Welkenraedt op Eupen erëm aktivéiert an elektrifizéiert. Zu Eupen gouf eng nei Gare gebaut, déi elo Terminus vun der InterCity-Linn Ostende-Bréissel-Léck-Verviers-Eupen ass, wat déi wichtegst Ost-West-Eisebunnsverbindung an der Belsch ass.

Barriär am Buschbergerweg zu Kettenis
Barriär Limburgerstrasse zu Herbesthal