SNCB-Linn 47

Eisebunnsstreck Sankt-Vith - Lengeler

D'SNCB-Linn 47 vu Sankt Vith bis op d'belsch-lëtzebuergesch Grenz zu Lengeler geet zeréck op en Arrangement tëscht dem Däitsche Räich an dem Goussherzogtum Lëtzebuerg vun 1883.

D'Streck huet vu Sankt Vith iwwer Lommersweiler, Auel, Reuland, Oudler op Lengeler gefouert, wou se dann Uschloss un déi lëtzebuergesch Streck Ëlwen-Wilwerdang hat. Op der Streck gëtt et zwéin Tunnellen: deen tëscht Lommersweiler an Hemmeres mat enger Längt vun 386 Meter an deen op der Grenz tëscht Lengeler a Wilwerdang, dee 790 Meter laang ass. Se huet iwwer eng Parti Brécke gefouert vun deenen déi gréisser, déi iwwer d'Our gefouert hunn, nëmme méi deelweis erhale sinn oder am Zoch vum Uleeë vu RAVelsstrecken duerch nei Foussgängerbrécken ersat goufen.

Déi 22,7 km laang Streck, déi zum Reseau vun der sougenannter Vennbunn gehéiert huet, ass no zwee Joer Bauen de 4. November 1889 a Betrib gaangen. Am Zweete Weltkrich goufen déi meescht Brécken zerstéiert an net méi opgeriicht. Déi eenzeg, déi erëm opgeriicht gouf, ass d'Bréck vun Oudler.

Zu Sankt Vith hat se Uschloss un d'Linn 46 (Lommersweiler-Steinebrück) an domat un d'Westäifelbunn op Prüm, un d'Linn 48 (Sankt Vith-Raeren) an un d'Eisebunnsstreck Libramont - St. Vith.

Iwwer déi fréier Streck féiert haut d'RAVelstreck Ligne 47.

Distanzen änneren

  • St-Vith: p.k. 88,9
  • Lommersweiler: p.k. 95,1
  • Reuland: p.k. 99,9
  • Oudler: p.k. 104,9
  • Lengeler: p.k. 108,4
  • B-L Grenz p.k. 111,4