Oudler ass eng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland am Südoste vun der Provënz Léck un der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

Oudler
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Burg-Reuland
Koordinaten 50° 12’ 08.84’’ N
      06° 05’ 39.61’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4791

Oudler huet 441 Awunner.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Oudler zu der fréierer Gemeng Thommen gehéiert.

Oudler ass un d'Stroossenetz ugestréckt duerch Nationalstroossen N62 an N693 an eng kleng Strooss déi op Thommen féiert.

Duerch a laanscht Oudler lafen dräi Baachen:

  • D'Ulf déi vun Espeler erofkënnt an iwwer Burg-Reuland an d'Our leeft.
  • Eng kleng Baach déi duerch eng Griecht vun Thommen kënnt an no Oudler an d'Ulf leeft.
  • Den Huscheiderbach dee vu Grüfflingen kënnt an och e bësselche méi déif wéi Oudler an d'Ulf leeft.

Oudler läit op enger Héicht vu 400 m (ING Belsch). Déi héchst Plaze ronderëm sinn am Nordosten den Hartberg mat 480 m, am Norden tëscht Oudler an Thommen den Espelerberg mat 510 m, an am Süden tëscht Dürler a Lascheid, d'Leishart mat 520 m.

Um Spaweck änneren

Commons: Oudler – Biller, Videoen oder Audiodateien