Als Landfläch, Landmass oder Festland gëtt an de Geowëssenschafte (besonnesch an der Geographie) deen Deel vun der Äerduewerfläch bezeechent, dee sech iwwer de Mieresspigel erhieft an och bei Flut net vum Waasser bedeckt gëtt.

Geologesch Andeelung vun der Landfläch

D'Landfläch vun der Äerd huet ongeféier 149,4 Millioune km² – also 29,3 % vun der Äerduewerfläch – an entfällt haaptsächlech op d'Kontinente: Eurasien (geographesch-geologeschen Iwwerbegrëff fir Europa an Asien), Afrika, Amerika (Nordamerika, Mëttelamerika a Südamerika), Antarktis an Australien.

Dobäi bezeechent ee kontinental (zesummenhängend) Landmasse als Festland. Landfläche, déi direkt un d'Mier grenzen, heeschen Küste. Am Géigesaz dozou steet d'Banneland, eng no alle Säiten wäit vum Mier distanzéiert Landfläch.

Kleng a verstreet Landflächen am Mier, a Séien oder Flëss ginn Insele genannt a ginn net zum Festland gezielt. Bei groussen Inselgruppe gëtt d'Haaptinsel als Festland bezeechent an déi der Haaptinsel virgelagert küstenno Inselen als Nieweninselen.

Landfläche reagéieren am Géigesaz zu de Waasserfläche ganz séier a staark op d'Sonnenastralung, well si eng méi kleng spezifesch Wäermt wéi d'Waasser hunn. Dofir killt d'Land iwwer Nuecht méi séier of wéi d'Mier a wiermt sech am Dag méi séier op. Wat d'Landmass méi grouss ass, ëmsou méi däitlech weist sech dësen Effet an ass typesch fir e kontinentaalt Klima.

Kuckt och

änneren