Palais du Mobilier Bonn Frères

De Palais du Mobilier Bonn Frères ass e Gebai am Art Deco-Stil an der Stad Lëtzebuerg, dat 1925-1926 no Pläng vum Architekt Léon Bouvart (1883-1933) vum Entreprener Achille Giorgetti fir d'Famill Bonn gebaut gouf.[1]

Palais du Mobilier Bonn Frères
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'40,72"N, 6°7'41,77"O

Historesches änneren

Wéi an der Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Miwwele lues a lues industriell hiergestallt goufe, war de Stanislas Bonn (1833-1888) e Virreider am Verkaf vu Miwwele wéi hien am Joer 1855 e Miwwelgeschäft an der Stad opgemaach huet. Säi Geschäft hat hie fir d'éischt an der Biedergaass, ass awer e puer Joer méi spéit a méi grouss Raimlechkeeten an d'Philippsgaass geplënnert.

D'Miwwelgeschäft ass vun de Bouwe vum Stanislas iwwerholl ginn an housch vun do un „Bonn Frères“. Méi spéit ass de Betrib vum Mirtyl Bonn (1869-1956) weider gefouert ginn; den Numm „Bonn Frères“ ass bis 1994 bäibehale ginn.

Duerch d'Bestietnes (1928) vum Mirtyl senger Duechter Gabrielle mam Paul Lazard, ass d'Gebai an de Besëtz vun der Famill Lazard iwwergaangen[2]. Nodeems d'Gebai an der Zäit vum Zweete Weltkrich vun den däitsche Besatzer beschlagnaamt war, konnt d'Famill Lazard de Betrib duerno awer neess weider féieren.

Gebai änneren

Et steet an der Philippsgaass, Eck Poststrooss, huet 7 Stäck a war, wéi et opgoung, dat gréisste Miwwelgeschäft vu Lëtzebuerg.

1967 gouf et eng éischt Kéier ëmgebaut.

1990-1994 gouf d'Gebai vum Architektebüro „Architecture et Environnement" zesumme mat den Architekte Gilbert Huybrechts a Jean Herr vu Grond op restrukturéiert; d'Nopeschhaiser lénks a riets dovu goufe mat integréiert, et gouf eng Passage agebaut, de Carré Bonn, uewenop koume Büroen, an d'Miwwel- an Dekoratiounsgeschäft huet sech op den ënneschten dräi Stäck installéiert.[1]

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bonn Frères – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Dani Schumacher: "Mobilier Bonn: Das erste Möbelhaus in Luxemburg." ons stad Nr 103, 2/2013, S.55.
  2. Stammbam vun der Famill Bonn op www.geni.com