Dësen Artikel beschäftegt sech mam Kulturzentrum Cité. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Cité (Homonymie).

De Kulturzentrum Cité, meeschtens einfach Cité genannt, ass e Kulturzenter am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Espace culturel Cité an der Lantergässel. Riets de Cercle.

Am Cité sinn d'Bibliothéik vun der Stad, d'Boule (e Konferenzsall) an eng Lounge mat Bar a Restaurant.

De Centre culturel Cité gouf am Gebai vum fréiere Ciné Cité (dohier den Numm vum Zenter) an der Lantergässel (rue Génistre), e puer Meter vun der Plëss d'Arem ewech, amenagéiert.

Déi offiziell Aweiung vum Zenter war de 15. Januar 2010[1].

De Cité ass um éischte Stack mat enger Passerell iwwer d'Lantergässel ewech mam Cercle municipal verbonnen. Zesumme bilden déi zwee Gebaier, nodeem de Cercle 2011 fäerdeg renovéiert gouf, de Cercle Cité.[1]

D'Gebai Änneren

  • D'Bibliothéik vun der Stad ass um Rez-de-chaussée an op zwéi Niveauen drënner.
  • Um éischte Stack ass den Aka Cité (wuertwiertlech op Franséisch: la Cité rouge), eng Lounge mat Bar-Restaurant (Sushi-Bar).
  • Um zweete Stack ass d'Boule, e Konferenzsall a Form vun engem Auditoire mat 142 Sëtzplazen.[1]

Kuckt och Änneren

Um Spaweck Änneren

Commons: Espace culturel Cité – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen Änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort 18. Januar 2010, S. 14.