De Gusev-Krater ass en 166 km grousse Krater um Planéit Mars. Säin Numm huet hie vun der IAU am Joer 1976 kritt. Hien ass nom russeschen Astronom Matwei Matwejewitsch Gussew (18261866) genannt.

Gusev (Marskrater)
Gusev-Krater mat geplangten Zilgebitt vum Spirit.
Eegenschaften
Breet -14.6
Längt 175.4
Duerchmiesser 166 km
Alter 3,5 Mia.
Genannt 1974 nom Matwei Matwejewitsch Gussew

Lag änneren

D'Koordinate vum Marskrater sinn: 14,6° Süd an 175,4° Ost (184,6° West). U sengem nërdlechen Enn grenzt d'Déift Elysium Planitia, am Süde schléisse sech d'Héichlänner Terra Cimmeria an Terra Sirenum un.

Genesis änneren

De Gusev-Krater entstoung duerch en Aschlag vun engem Asteroid viru ronn 3,5 Milliarde Joer. No de Wëssenschaftler war an der Zäit duerno duerch Canyon Ma'adim Vallis denn am Süden drastéisst, en Äis-Waasser-Gemësch oder flëssegt Waasser an de Krater gelaf. Méiglecherweis war de Gusev-Krater a fréieren Zäite voll Waasser.

Fuerschung änneren

De 4. Januar 2004 war d'US-amerikanesch Marssond Spirit am Gusev-Krater gelant. Am Laf vun der Missioun hat de Spirit Hiweiser op eng fréier Verwitterung vum Gestengs duerch flëssegt Waasser fonnt. Dat weist sech beispillsweis duerch d'Existenz vum Eisemineral Goethit, dat mat dem Mößbauer-Spektrometer u Bord vum Spirit nogewise gouf. Ob d'Waasser op der Uewerfläch oder als Grondwaasser opgetruede war, ass ëmmer nach eng oppe Fro.

Um Spaweck änneren

Commons: Gusev-Krater – Biller, Videoen oder Audiodateien