Mat Lunochod (russesch: Луноход fir "Moundgefier"), bekannt och ënner der Bezeechnung Luna E-8, gëtt den Typ vu sowjetesche Moundmobile bezeechent, déi am Kader vum Luna-Programm den Äerdmound erfuerscht hunn. Et waren déi éischt ferngesteiert Gefierer op engem aneren Himmelskierper. Un der Konstruktioun vun de Fuerschungsgefierer war den Ingenieur Alexander Kemurdschian am meeschte bedeelegt.

De Lunochod 1

Et gouf dräi Missiounen: Déi éischt goung mat der Explosioun vun der Proton-Drorakéit zu Enn, déi zwou aner waren e groussen Erfolleg:

  • Éischte Lunochod-Startversuch (E-8 Nr. 201) war den 19. Februar 1969: D'Notzlaaschtverkleedung vun der Drorakéit hat no ronn enger Minutt Fluchzäit kollabréiert, wat zu der Zerstéierung vun der Rakéit gefouert hat.
  • Luna 17 (E-8 Nr. 203) mat der Notzlaascht Lunochod 1 am Joer 1970/1971
  • Luna 21 (E-8 Nr. 204) mat der Notzlaascht Lunochod 2 am Joer 1973

Geplangte Missioun:

D'Kontolltafel vum Lunochod
D'Steierung vum Lunochod

Fir d'Steierung vum Lunochod goufen d'Kandidaten aus de Reie vum sowjetesche Militär ausgesicht, woubäi déi selwecht Kriterie wéi bei der Auswiel vu Kosmonaute geholl goufen. Vun ufanks 45 Kandidaten am Abrëll 1968 waren um Enn vun der Ausbildung nëmmen nach 11 iwwreg bliwwen. Well wärend dem Mounddag ronderëm d'Auer geschafft huet misse ginn, goufen zwou Ekippen zu jee fënnef Persounen (Kommandant, Fuerer, Betribsingenieur, Navigator a Funker) mat engem Ersatzmann opgesat.

D'Gefierer haten en Deckel, deen op der bannenzeger Säit Solarzelle fir Energieversuergung montéiert hat. Duerch Op- an Zoumaache vum Deckel konnt och d'Temperatur beaflosst ginn. Fir d'Heizung koume Radionuklid-Heizelementer aus dem Polonium-Isotop 210Po zum Asaz. Fir d'Fuermanövere méi liicht ze maachen, waren d'Lunochode mat engem Kreeselsystem, engem Buedemfühler an engem Schréiemiesser ekipéiert.

Beim Lunochod 2 koum eng drëtt Frontkamera fir d'Verbesserung vun der Manövréierfäegkeet derbäi. Lunochod 2 hat, wéi am Joer 2013 op Biller vum LRO festgestallt gouf, mat enger zeréckgeluechter Streck vu 42 km[1] den deemolege Rekord fir déi zeréckgeluechte Streck vun engem extraterrestresche Gefier, bis dee vun Opportunity um Mars gebrach gouf. Virdrun goung een, méiglecherweis wéinst ongeneeë Miessunge vum Lunochod 2 selwer, vu 37 km aus.[2] D'Gefierer goufe vun der Raumfaartentreprise NPO S. A. Lawotschkin gebaut.

Béid Gefierer waren iwwer déi geplangt Missiounsdauer eraus funktiounsfäeg an hu missen ausser Betrib geholl ginn, wéi déi radioaktiv Polonium-Hëtzquellen net méi reagéiert hunn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lunochod – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Günther Glatzel: LRO-Daten: Lunochod 2 fuhr 42 km auf dem Mond. In: Raumfahrer.net, 23. Juni 2013, gekuckt de 24. Juni 2013
  2. Opportunity hat bis Mee 2013 35,8 km zréckgeluecht