Ronnebeemchen zu Bous

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

De Ronnebeemchen ass den Numm vun enger aler historescher Eech, déi bis 1935 am Bousserbësch, am Norde vu Bous stoung. Dee Bam war an der ganzer Ëmgéigend bekannt.[1]

D'Kräiz am Buusserbësch, Richtung Bus gekuckt.
D'Plack um Sockel vum Kräiz (op der Säit zu Bus hin ze gesinn).

Zanter 1981 steet op där Plaz en iwwerdeckt Kräiz.

D'Plaz fënnt ee, wann een vu Bus erop, laanscht déi sougenannt Kéionner Eech, am Agank vum Bësch riicht aus dem breede Bëschwee nogeet. Ronn 1 200 m vum Bëschagank ewech steet riets vum Wee dat gesichte Kräiz.

Wärend der Franséischer Revolutioun huet de Paschtouer Mathias Prost, dee refuséiert hat den Eed op d'Republik ze leeschten, um Fouss vum Ronnebeemchen, an deen de Fierschter eng Hiel fir den Altor geschloen hat, Mass gehalen.

1981 hunn d'Buusser Awunner en iwwerdeckt Kräiz op der Plaz vum Ronnebeemchen opgeriicht, fir un d'Evénementer aus der Revolutiounszäit z'erënneren. Op der Plaz erënnert näischt méi un deen historesche Bam.

Bis 1995 gouf op där Plaz all Joer eng Wallfaartsmass gehalen, un där zulescht 180 Leit deelgeholl hunn. 2016 gouf dës Traditioun erëm opgegraff.[2]

Geographesch Koordinaten (Agank vum Buusserbësch):
49° 35’ 36.12’’ N 06° 21’ 10.27’’ O

Quellen Änneren

  • Faber, Ernest, 1907. Die Baumriesen des Großherzogtums Luxemburg in Wort und Bild, mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Diekirch, J. Schroell.
  • Faber, E., 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburgs in Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Dréckerei Fr. Faber, Mersch. (Cf. S. 29).
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 52).

Biller Änneren

Kuckt och Änneren

  • Déi dräi décksten Eechen zu Lëtzebuerg
Eech zu Heeschbreg mam Heeschbreger Bildchen
Eech um Bicherhaff an der Gemeng Stadbriedemes
Eech zu Kaalmes

Referenzen an Notten Änneren

  1. Zwou Fotoe vum Ronnebeemche sinn a follgender Publikatioun ze gesinn: Faber, E., 1916. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg (Nachtrag). Bull. Soc. Nat. luxemb. 26: 241-245. (PDF 474 Kb)
  2. C., 2016. Von der alten Eiche zum Kreuz. Die Tradition des "Ronnebeemchen" lebt wieder. Luxemburger Wort vum 13./14. August 2016, S. 34.