Eech zu Bous

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

Déi bemierkenswäert Eech zu Bous ass eng Summereech (Quercus robur L.; chêne pédonculé; Stieleiche) déi um Lieu-dit Kéionner, am Agank vum Bousserbësch, am Norde vu Bous steet.

Eech zu Bous
Kéionnereech
D'Eech aus dem Bësch eraus gesinn (2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bous-Waldbriedemes
Plaz Bous
Adress Kéionner
Koordinaten 49°34'1,99"N, 6°19'36,91"O
Bamaart Stilleech
Geschaten Alter 400 Joer
Héicht 20 m (2000)
Duerchmiesser 1,35 m (2000)
Ëmfang 4,20 m (2000)
De ganze Bam.

Dës Eech, déi ënner dem Numm Kéionnereech bekannt ass, gehéiert wéinst hirem Alter, deen op ronn 400 Joer geschat gëtt, an hirer imposanter Erscheinung zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Déi ënnescht Haaptäscht, déi bal waagerecht ewech stinn, weisen drophin, datt d'Eech laang Zäit eleng stoung, an hirem Wuesstem also net duerch Nopeschbeem behënnert gouf.

Lénks laanscht de Wee dee bei d'Eech féiert, huet d'Gemengeverwaltung ufanks vum Joerhonnert eng Rei jonk Beem geplanzt.

De Stammëmfang vun der Eech, op Broschthéicht gemooss, huet sech follgendermoossen entwéckelt:

  • 1958: 2,78 m;
  • 1980: 4,05 m bei enger Gréisst vun 18 m;
  • ëm 2000: 4,23 m bei enger Gréisst vun 20 m.

Domat ass dëse Bam déi 29. décksten Eech zu Lëtzebuerg.

Interessantes änneren

  • De Bousser Gemengebësch gehéiert mat deem vu Stadbriedemes zu de gréisste Bëschmassiver am Guttland.
  • Bis 1935 stoung am Bousserbësch eng aner gewalteg al Eech déi ënner dem Numm Ronnebeemchen bekannt war. Zanter 1981 steet do en iwwerdeckt Kräiz.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ronnebeemchen.

Quellen änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 52-53, Foto an Text).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 32-33, Foto an Text).
  • Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. Tabell S. 8).

Kuckt och änneren

Fotoalbum änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eech zu Bous – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren