Elysian Gates

lëtzebuergesch Museksgrupp
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Elysian Gates ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp vun Äischen an der Gemeng Habscht,[1] déi am Summer 2010 gegrënnt gouf. De Stil vun der Grupp ass Symphonic Metal a Progressive Rock.[2] Hir Lidder sinn op Englesch, Lëtzebuergesch an Italieenesch.

D'Band ass beléift an der lëtzebuergesch Metal-Musekszeen. D'Lidd Seven Angels huet am August 2014 op déi éischt Plaz vun de lëtzebuergeschen iTunes Rock-Charts gepackt.[3]

Se hunn op Festivalle Rock um Knuedler (am Joer 2015)[4] a Food For Your Senses (2013)[5] gespillt.

Déi aktuell Membere (Stand: 2015–16) sinn d'Noémie Leer (Gesank), d'Sue Scarano (Gittar), de Guy Christen (Gittar), de Kim Sosson (Bass), den Thierry Sadler (Keyboards) an de Christian Praus (Batterie).

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 2013: Destination Unknown
  • 2016: Crossroads – Kriticken op 100,7: 7,5/10[6], Rockportaal.nl: ...[7]
  • 2023: Beyond the Gates

Singelen änneren

  • 2013: Looss mëch Kand sinn
  • 2014: Northern Winds
  • 2016: Crossroads

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.metal-archives.com/bands/Elysian_Gates/3540377919
  2. Archive copy Archivéiert op 2016-09-10. Gekuckt de(n) 2016-09-16.
  3. http://www.wort.lu/de/kultur/luxemburger-metal-band-toppt-die-charts-elysian-gates-im-vorhof-des-paradieses-53ecbf00b9b398870805530a
  4. Archive copy Archivéiert op 2015-10-28. Gekuckt de(n) 2016-09-16.
  5. http://www.openairguide.net/bands/33114/elysian-gates
  6. Archive copy Archivéiert op 2016-09-12. Gekuckt de(n) 2016-09-16.
  7. http://www.rockportaal.nl/elysian-gates-crossroads/