Austinn war e lëtzebuergeschen Indie-Pop-Duo, deen tëscht 2015 and Enn 2018 aktiv war a Musek mat engleschen Texter gemaach huet.[1] Membere waren de Sänger a Gittarist Jimmy Braun an de Bassist Jim Scheck, deen 2018 vum David Marx ersat gouf.

Austinn
Museksgenre Indie-Pop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2015
Trennung 2018
Memberen Jimmy Braun (Gesank, Gittar)
Jim Scheck (Bass, 2015-18)
David Marx (Bass, 2018)

Bandgeschicht änneren

D'Grënnungsmembere sinn de Jimmy Braun an de Jim Scheck. De Jimmy Braun war Gittarist bei Angel at My Table. Wéi déi sech opgeléist hunn, huet hie sech ufanks 2015 mam Batteur Jim Scheck zesummegedoen, fir de Projet Austinn ze lancéieren.[1]

Den Numm Austinn kënnt dohier, well de Jimmy Braun eng Liederjackett op Ebay kaaft hat, déi vun Austin am Texas koum; den Numm vun der Stad um Pak war falsch geschriwwen.[2]

Schonn am Mee 2015 koum hir éischt Single Galaxy, déi e grousse Succès op de Lëtzebuerger Radiostatiounen hat, eraus. Dat Lidd gouf zu Los Angeles mam Starproduzent Matt Squire opgeholl, deen och scho mat Panic! At the Disco, One Direction a Good Charlotte zesummeschafft huet.[1] Virun der Verëffentlechung hat Austinn scho fënnef Concerten a Groussbritannie gespillt.[1] Och déi zweet an drëtt Singelen Answer Your Phone (2015) a Rule the World (2016) krute vill Airplay zu Lëtzebuerg. All d'Museksvideoe goufen zu Los Angeles vum Cédric Letsch gedréint.[2][3],[4] Am Oktober 2015 ass Austinn als Virband vun der walisescher Rockband Stereophonics am Atelier opgetrueden.[5]

Am Juni 2016 koum d'EP Gold Coast eraus, déi nees mam Matt Squire opgeholl gouf, an um Rock-A-Field gespillt gouf.[3] Am Hierscht 2016 goung et op eng Europatournée mat Concerten an der Belsch, Holland, Frankräich, Lëtzebuerg, der Schwäiz an England.[6]

Mam Produzent James Lewis hu si am Mäerz 2017 an England den Album Appetite[7],[8], deen am Oktober erauskoum, opgeholl. Déi éischt Single war Olivia. De Cédric Letsch huet fir de Museksvideo vun deem Lidd e Präis bei de Video Clip Awards gewonnen.[9] Och fir d'Singelen Just for You an Again si Videoclippe gedréint ginn. Duerno si s'am Hierscht 2017 ee Mount laang op Tournée a Groussbritannie gaangen.[10] Am Dezember ass de Video fir d'Lidd Chardonnay verëffentlech ginn.

Wéinst Gesondheetsproblemer vum Jimmy Braun huet en annoncéierten Tour duerch Groussbritannien am Januar 2018 missen ofgesot ginn.[11],[12] De 4. Februar huet d'Band annoncéiert, datt den Drummer Jim Scheck se géif verloossen.[13]

Am Oktober 2018 huet sech Austinn an neier Formatioun aus der Paus zeréckgemellt. Mam neie Member David Marx huet den Jimmy Braun d'Single Rush erausbruecht.[14] Dorops séngt den Jimmy Braun mat senger Kappstëmm.[15] De Video dozou ass op der griichescher Insel Kreta an zu Lëtzebuerg gedréint ginn.[15][16] Am November ass Rush aleng op Spotify scho méi wéi 50.000-mol gestreamt ginn.[17]

De 14. Dezember 2018 huet Austinn nach d'Single Never Too Late verëffentlecht, mä dunn den 29. Dezember säin Enn annoncéiert.[18] Mat där Annonce huet Austinn zesummegefaasst, datt si wärend hirer Karriär 133 Concerten an 8 Länner an an 41 Stied gespillt an 10 Museksvideoe gedréint hunn. Hir Lidder goufe méi wéi 400.000-mol gestreamt.[18],[19]

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 2017: Appetite

EP änneren

  • 2016: Gold Coast

Singelen änneren

  • 2015: Galaxy
  • 2015: Answer Your Phone
  • 2016: Rule the World
  • 2016: Dangerous
  • 2016: Secrets
  • 2017: Olivia
  • 2017: Just for You
  • 2017: Again
  • 2017: Chardonnay
  • 2018: Rush
  • 2018: Never Too Late

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 wort.lu: Austinn burst onto Luxembourg music scene with debut single (8. Mee 2015)
  2. 2,0 2,1 transversomedia.com: EXCLUSIVE PREMIERE: Austinn Is Calling On "Answer Your Phone" (28. September 2015)
  3. 3,0 3,1 wortl.lu: Austinn's drive on the Luxembourg music scene (19. Abrëll 2016)
  4. "Austinn - Galaxy (Official Music Video)" op Youtube
  5. lesttentiel.lu: Stereophonics verzaubern das Atelier (9. Oktober 2015)
  6. Post op Facebook vum 15. Oktober 2016 mat den Datume vun der Tour
  7. wort.lu: Great Britain lässt grüßen: Austinn planen neues Album (31. Mäerz 2017)
  8. Interview op RTL (Radio) mat Austinn (13. Mäerz 2017)
  9. musiclx.lu: VCA Awards - And the winners are… (gekuckt den 19. Mee 2018)
  10. Post op Facebook vum 2. November 2017 mat den Datume vun de Concerten
  11. Post op Facebook vum 13. Januar 2018
  12. Post op Facebook vum 10. Mee 2018
  13. Post op Facebook vum 4. Februar 2018
  14. rtl.lu: "Rush": Austinn bréngt neit Lidd eraus (21. Oktober 2018)
  15. 15,0 15,1 Lëtzebuerger Journal: Im Gedankenrausch (6. November 2018)
  16. RTL Today: Sublime new video from the excellent Austinn (31. Oktober 2018)
  17. Post op Facebook vum 19. November 2018
  18. 18,0 18,1 Post op Facebook vum 29. Dezember 2018
  19. Eldoradio: Austinn hält op! (31. Dezember 2018)