Birdbones

lëtzebuergesch Museksgrupp

D'Birdbones waren eng lëtzebuergesch Pop-Rock-Grupp.

Birdbones
D'Sängerin vun de Birdbones, Deborah Lehnen, op der Fëte de la Musique zu Diddeleng, 2011
Museksgenre Pop-Rock, Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2010
Trennung 2016
Websäit Facebook, Soundcloud
Memberen Romy Ouwerkerk (Gesank)
Daniel Kramp (Gittar)
Jonah Neuser (Bass)
Erik Stein (Batterie)
Deborah Lehnen (Gesang)
Sid Mysore (Keyboard)

Geschicht änneren

Zwee Joer laang hunn den Dan Kramp an den Erik Stein mam Deborah Lehnen, déi deemools op Mauritius gelieft huet, Iddien a Lidder am Entwécklungsstadium ausgetauscht. Wéi d'Deborah Lehnen dunn 2010 op Lëtzebuerg geplënnert ass konnt zesumme mam Bassist Jonah Neuser endlech eng vollwäerteg Museksgrupp entstoen, d'Birdbones. Spéider ass d'Grupp nach duerch de Sid Mysore komplettéiert ginn.

Hir Musek war inspiréiert vu Progressive Rock, Fusion a World Musek.

D'Birdbones sinn 2011 bei der Fête de la Musique zu Diddeleng, beim Rock um Knuedler an der Stad, um e-Lake festival zu Iechternach an um Sonic Visions Festival an der Rockhal opgetrueden.

Am Joer 2012 gouf et Ännerungen an der Zesummesetzung vun der Band. D'Deborah Lehnen an de Sid Mysore hunn d'Band verlooss an d'Romy Ouwerkerk vun Amsterdam koum als nei Sängerin dobäi. Zesummen hu se deen éischten Album Phoenix opgeholl, deen 2013 erauskoum. Déi éischt Singleauskopplung war Hiding in the Twilight

No 2016 goufen et keng Neiegkeete méi vun der Band.

Diskografie änneren

  • 2010: Every Single One Of Us (Single)
  • 2010: Birdbones (EP)
  • 2013: Phoenix (Album)
  • 2014: Hiding in the Twilight (Single)

Um Spaweck änneren