Rochuskapell an der Fiels

(Virugeleet vu(n) Rochuskapell (Fiels))

D'Rochuskapell vun der Fiels ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fiels gehéiert.

Rochuskapell an der Fiels

Uertschaft / Plaz Fiels
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Koordinaten 49° 47’ 17.2’’ N
      06° 12’ 31.8’’ O
Kierchen - Kapellen
Den Altor

Se steet an der Mierscherstrooss, dem CR118 vis-à-vis vum leschten Haus, am Lach nieft der schaarfer Kéier.

De 6. November 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Fiels gehéiert och nach d'Parkierch vun der Fiels an d'Kapell vun Iernzen.

Geschicht änneren

Wärend dem Drëssegjärege Krich huet, wei op villen anere Plazen och, d'Pescht an der Fiels geroost.

Den hellege Rochus gouf zu Lëtzebuerg als de Peschthellegen ugesinn, also deen een ëm Hëllef rifft fir sech dogéint ze schützen. Dat hu sengerzäit och den Niklaus Hansen a seng Fra, d'Catharina Schlaug gemaach. Si hunn dem hellege Rochus versprach eng Kapell ze baue wa se vun der Krankheet verschount bléiwen. Dat huet geklappt an dunn hu se wéi versprach d'Kapell um deemolege Wee fir op Noumer baue gelooss.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rochuskapell an der Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).