Richard Nixon
![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Richard Milhous Nixon, gebuer den 9. Januar 1913 zu Yorba Linda a Kalifornien, a gestuerwen den 22. Abrëll 1994 zu New York, war en US-amerikanesche republikanesche Politiker a vun 1969 bis 1974 de 37. President vun de Vereenegte Staaten.
Richard Nixon | |
---|---|
![]() | |
Funktioun | |
37. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika | |
Virgänger | Lyndon B. Johnson |
Nofollger | Gerald Ford |
Biographie | |
Gebuer | 9. Januar 1913 |
Gestuerwen |
22. Abrëll 1994 Manhattan |
Bestuet mat | Pat Nixon |
Mamm | Hannah Milhous Nixon |
Ënner dem President Richard Nixon hunn d'USA d'Volleksrepublik China diplomatesch unerkannt, an domat huet d'Republik China (Taiwan) de kommunistesche Kontinentalchinesen de Sëtz am Sécherheetsrot vun der UNO missen iwwerloossen.
Den Nixon huet de Vietnamkrich mat Gespréicher, déi zu Paräis geféiert goufen, fir d'Amerikaner op en Enn bruecht. 1973 koum et dunn zur "Vietnamiséierung" vum Krich (Nordvietnam a Vietcong géint de Südvietnam), bis d'Kommunisten de Süden 1975 iwwerrannt an un den Norden ugeschloss hunn (Reunifikatioun vum Vietnam mat Hanoi als Haaptstad).
De Richard Nixon, deen och mol als "Tricky Dicky" bezeechent gouf, ass wéinst senger Verstréckung an der Watergate-Affär, als éischten US-President, vu sengem Amt zréckgetrueden, ier eng Impeachment-Prozedur géint e finaliséiert konnt ginn. Säin Nofollger, den Gerald Ford, huet en du begnadegt, fir him eventuell Poursuitten z'erspueren.
Publikatiounen (Auswiel)Änneren
- No More Vietnams; Arbor House Publishing Company, 1985; ISBN 0-380-70119-7. - Am Täschebuch: Avon Books, New York, 1986 (240 Säiten).
Um SpaweckÄnneren
Commons: Richard Nixon – Biller, Videoen oder Audiodateien |