Raymond Poulidor
De Raymond Poulidor gebuer de 15. Abrëll 1936 zu Masbaraud-Mérignat, am Departement Creuse, a gestuerwen den 13. November 2019 zu Saint-Léonard-de-Noblat, am Departement Haute-Vienne, ware franséische professionelle Vëlossportler, deen zwar ni den Tour de France gewonnen huet, dofir awer an d'Tourgeschicht agaangen ass, als den éiwegen Zweeten hanner dem Jacques Anquetil, an de 60er Joren, an duerno hanner dem Eddy Merckx an de 70er Joren.
Raymond Poulidor | |
---|---|
| |
Gebuer |
15. Abrëll 1936 Masbaraud-Mérignat |
Gestuerwen |
13. November 2019 Saint-Léonard-de-Noblat |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler |
De Raymond Poulidor war Profi vun 1960 bis 1977, an ass nieft dem Anquetil an dem Merckx, zesumme mat anere grousse Coureuren, wéi de Louison Bobet an de Bernard Hinault am Ganze véierzéngmol um Tour dobäi gewiescht, an dovu stoung en aachtmol zu Paräis um Podium, a konnt am Ganze 7 Etappegewënner um Tour de France op säi Kont verbuchen, ouni eng Kéier de Maillot-Jaune ugehat ze hunn, woubäi en a senger ganzer Carrière am Ganzen 189 Victoiren eragefuer ass, dorënner Milano - Sanremo, an d'Vuelta, an dat vun Ufank vu senger Carrière bis zum Schluss bei Cycles Mercier ënner de veschiddensten Nimm, wéi « Mercier-BP » (1960-1967), « Fagor-Mercier » (1970-1971), « Gan-Mercier » (1972-1976) a « Miko-Mercier » (1977).
PalmarèsÄnneren
1960Änneren
- 3. am Grand Prix de Fourmies
1961Änneren
- 1. a Milano - Sanremo
- 2. an de Quatre jours de Dunkerque
1962Änneren
- 3. am Tour de France
1963Änneren
- 1. an der Flèche wallonne
- 1. am Grand Prix des Nations
- 2. am Trofeo Baracchi (zesumme mat dem Jacques Anquetil)
- 8. am Tour de France
1964Änneren
- 1. an der Vuelta a España
- 1. am Critérium National
- 2. am Tour de France
1965Änneren
- 2. am Tour de France
1966Änneren
- 1. am Critérium du Dauphiné libéré
- 1. am Critérium National
- 2. am Paris - Nice
- 2. am Trofeo Baracchi (zesumme mat dem Georges Chappe)
- 3. am Tour de France
- 3. am Giro di Lombardia
1967Änneren
- 3. am Giro di Lombardia
- 9. am Tour de France
1968Änneren
- 1. am Critérium National
- 3. a Liège-Bastogne-Liège
- 3. an de Quatre jours de Dunkerque
1969Änneren
- 1. am Critérium du Dauphiné libéré
- 1. am Tour du Haut-Var
- 2. am Paris - Nice
- 3. am Tour de France
1970Änneren
- 7. am Tour de France
1971Änneren
- 1. an der Setmana Catalana de Ciclisme
- 1. am Critérium National
1972Änneren
- 1. am Paris - Nice
- 1. am Critérium National
- 3. am Tour de France
1973Änneren
- 1. am Paris - Nice
- 1. am Grand Prix du Midi Libre
1974Änneren
- 2. am Tour de France
1975Änneren
- 19. am Tour de France
1976Änneren
- 2. an Tours - Versailles
- 3. am Tour de France
GielercherÄnneren
- Chevalier de la Légion d'honneur: 25 janvier 1973
Literatur zum TheemaÄnneren
- Poulidor par Raymond Poulidor, Éditions Jacob-Duvernet, 2004, ISBN 2847240691, ISBN 978-2847240696
Um SpaweckÄnneren
Commons: Raymond Poulidor – Biller, Videoen oder Audiodateien |