D'Ramsar-Konventioun ass en internationalen Traité fir d'Erhalen an d'Benotze vu Fiichtgebidder, besonnesch als Liewensraum fir Waasser- a Watvullen. D'Ausaarbechtung vun dëser Konventioun ass vun der UNESCO lancéiert ginn.

Den Traité ass den 2. Februar 1971 an deem klengen iranesche Kuer- an Erhuelungsuert Ramsar um kaspesche Mier vun den ufanks 18 Natiounen, déi matgemaach hunn, ausgeschafft ginn an ass schliisslech den 21. Dezember 1975 a Kraaft getrueden. Zu der Ramsar-Lëscht zielen haut eng 158 Natiounen an eng 1717 Fiichtgebidder, déi sech iwwer 159 Milliounen Hektar erstrecken. Groussbritannien ass déi Natioun mat der gréisster Zuel vu Gebidder, Kanada zesumme mam Golf vu Queen Maud déi Natioun mat der gréisster Fläch u Gebidder.

Den 2. Februar ass zum Weltdag vun de Fiichtgebidder ernannt ginn a gëtt zanter 1997 mat verschiddenen Aktivitéiten uechtert d'Welt zelebréiert.

Ramsar-Gebidder zu Lëtzebuerg änneren

Lëtzebuerg ass zanter 1998 op der Ramsar-Lëscht vertrueden an huet sech domat dem internationale Schutz vu Fiichtgebidder verflicht.

Lëtzebuerg huet zwee Ramsar-Gebidder ausgewisen:

  • déi al Kiselkaulen um Haff Réimech zu Rëmerschen mat 313 ha;
  • den Dall vun der Uewersauer (säit 2004), mat 16.900 ha op lëtzebuergescher Säit; doru schléisse sech 29.000 ha op der belscher Säit vun der Grenz un.

Béid Gebidder gehéieren och zum Natura 2000-Netz.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ramsar Convention – Biller, Videoen oder Audiodateien