D'RGTR-Linn 307 ass eng Buslinn vum Régime général des transports routiers.

Bustyp Standardbus, Gelenkbus
Bedreiwer RGTR
Trajet Beetebuerg - Esch-Uelzecht
Bemierkung 2 Varianten
Terminus 1
Numm Gare Beetebuerg
Koordinaten 49° 30’ 58’’ N
      6° 06’ 04’’ O
Terminus 2
Numm Gare Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 29’ 39’’ N
      5° 59’ 07’’ O
Aller
Fuerzäit 32 resp. 34 iwwer Féiz Min.
Retour
Fuerzäit 32 resp. 36 iwwer Féiz Min.
Takt
Méindes-Freides 30 Min.
Samschdeg 30 Min.

Entwécklung vun der Linn 307 änneren

D'RGTR-Linn 307 gouf 1997 a Betrib geholl. Deemools huet se den Trajet vun der Beetebuerger Gare iwwer Näerzeng weider op Keel bis op Rëmeleng gemeet.

2005 gouf d'Linn 307 reorganiséiert an an 2 Linne gedeelt: Déi eng, d'Linn 197, verbënnt nach bis haut Ëtteng, Rëmeleng, Téiteng a Keel direkt mat der Stater Gare. Déi aner, d'Linn 307 huet den Trajet vun der Beetebuerger Gare iwwer Näerzeng a Schëffleng bis op d'Escher Gare gemaach, well den alen Trajet net méi rentabel war an et d'Leit op Esch gezunn huet. Spéider ass se vu Beetebuerg iwwer Näerzeng, Steebrécken, Féiz a Schëffleng op Esch-Uelzecht gaangen. Wéinst Aarbechten op der Näerzenger Gare[Wéini ?] konnt se net méi den direkten Trajet vun Näerzeng op Biergem maachen an ass dowéinst erëm zeréck op Hunchereng gefuer fir vun do aus op Biergem ze fueren. Dat gouf och no den Aarbechte bäibehalen, well déi deemeols nei MAN-Bussen net méi iwwer d'Barriär zu Näerzeng komm sinn.

Am September 2017 gouf et e grousse Changement: D'Linn 307 koum duerch den Asaz vu méi klenge Bussen (MAN Lion's Regio C, Irizar Integral 4 (zwar 15 Meter laang mä zimmlech héich) a Mercedes Citaro Ü) konnt d'Linn nees iwwer d'Barriär zu Näerzeng gefouert ginn an huet dunn och Monnerech ugefuer. Allerdéngs gouf Schëffleng dobäi fale gelooss.

Et gëtt zwou Varianten: déi eng fiert vu Féiz op Monnerech an déi zweet vu Steebrecken direkt iwwer de Vëloswee iwwer d'Pafenheck op Monnerech ouni Féiz unzefueren. Zu Esch fiert se laanscht d'Schwämm op d'Gare. Fir zeréck fiert se laanscht de Jongelycée an den CHEM op Lalleng.

Et ass déi éischt Linn déi den neien CR106 vu Monnerech op Esch-Lalleng benotzt. Si zirkuléiert all hallef Stonn.

D'CFL organiséiert den Transport.

Halten op der Linn änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 307 Bemierkung
  BETTEMBOURG, Gare
  BETTEMBOURG, Kiercheplaz
  BETTEMBOURG, Rousegäertchen
  FENNANGE, Rue des Champs
  FENNANGE, Am Duerf
  HUNCHERANGE, Route d'Esch 1
  HUNCHERANGE, Kräizung
  HUNCHERANGE, Kierch
  NOERTZANGE, Route Principale
  NOERTZANGE, Am Duerf
  NOERTZANGE, Lohrwies
  BERGEM, Naerzengerstrooss
  BERGEM, Am Haff
  BERGEM, Centre
  BERGEM, Steebréckerwee
  PONTPIERRE, Steewee
  PONTPIERRE, Kierch
  PONTPIERRE, Op der Bréck
  FOETZ, Butterbrill
  FOETZ, Rond Point
  MONDERCANGE, Krombach
  MONDERCANGE, Dokter
  MONDERCANGE, Dirbett
  MONDERCANGE, Cité Steichen
  ESCH-SUR-ALZETTE, Rue Henri Dunant
  ESCH-SUR-ALZETTE, LHCE
  ESCH-SUR-ALZETTE, Piscine municipale
  ESCH-SUR-ALZETTE, rue Large
  ESCH-SUR-ALZETTE, Grand-rue
  ESCH-SUR-ALZETTE, Place Hôtel de Ville
  ESCH-SUR-ALZETTE, Gare Quai B2

Busser änneren

Kuckt och änneren

Lëscht vun den RGTR-Buslinnen

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 307 (RGTR) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren