Leopoldsburg

belsch Gemeng

Leopoldsburg ass eng belsch Gemeng an der flämeschsproocheger Communautéit an der Regioun Flandern, an der Provënz Limburg. 1977 huet Leopoldsburg mat der Nopeschgemeng Heppen fusionéiert.

Leopoldsburg
D'Gare
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Limburg
Arrondissement Hasselt
Awunner 15.625 (1. Januar 2018)
Fläch 2.249 ha
Koordinaten 51° 07’ 00’’ N
      05° 15’ 00’’ O
Telefonszon 011
Postcode 3970
Websäit https://www.leopoldsburg.be/

Geschicht änneren

Den Territoire vun der Gemeng war am Ufank vum 19. Joerhonnert eng Heedandschaft op sandege Biedem déi mat Waken duerchsat waren. 1835 nodeem d'Belsch onofhängeg gi war, gouf decidéiert op der hollännescher Grenz op enger Fläch vu 430 ha e Militärcamp opzeriichten. De Camp louch an der deemoleger Gemeng Beverlo a krut dunn och den Numm Camp vu Beverlo. Séier hu sech Uertschafte rondeëm de Camp entwéckelt, an zwar Leopoldsburg an Heppen, déi sech 1850 vu Beverlo lassgesot hunn an eegestänneg Gemenge goufen, déi dunn nees 1977 bei der belscher Gemengreform ze fusionéieren, wärend d'Gemeng Beverlo bei Beringen geprafft gouf.

Kuckeswäertes änneren

  • D'Himmelfaartskierch vun 1903 am neoromanesche Stil, eng Kopie vun der Kierch vu Bertrix an den Ardennen, mat virdrun engem imposante Monument fir déi Gefalen aus dem Éischte Weltkrich.
  • De Musée vum Camp vu Beverlo, deen am fréiere Militärspidol ageriicht ass.
  • Tacámbaro-Monument, och nach mexikanescht Monument genannt, fir un déi Gefale vun der belscher Legioun a Mexiko z'erënneren.