Louis Armand (Ingenieur)

franséischen Ingenieur

De Louis Armand, gebuer de 17. Januar 1905 zu Cruseilles an der Haute-Savoie a gestuerwen den 30. August 1971 zu Villers-sur-Mer am Calvados, war a franséischen Ingenieur, Erfinder, héije Fonctionnaire a Resistenzler.

Louis Armand
Gebuertsnumm Louis François Armand
Gebuer 17. Januar 1905
Cruseilles
Gestuerwen 30. August 1971
Villers-sur-Mer
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique,
École nationale des mines vu Paräis,
Lycée du Parc,
Lycée Berthollet
Aktivitéit Héije Fonctionnaire, Minneningenieur, RIF- Resistenzler, Universitéitsprofesser, Erfinder
Member vun Académie française, Académie des sciences morales et politiques, Académie des sciences, belles-lettres et arts de Savoie, International Agence fir Kriibsfuerschung
Plack um Haus N° 30 avenue de Villiers zu Paräis

Schoul änneren

Hien huet säi Secondaire am Lycée Berthollet zu Annecy an am Lycée du Parc zu Lyon gemaach. Nom Studium op der École polytechnique goung en op d'École des mines wou en 1926 säin Ofschloss gemaach huet.

Den Ingenieur änneren

Vun 1929 un huet en als Minièresingenieur zu Clermont-Ferrand geschafft wou e sech haaptsächlech mat Aarbechten iwwer d'Mineralwaasser beschäftegt an 1934 gëtt en Ingenieur beim PLM, wou e sech mat der Qualitéitsverbesserung vum Waasser dat an de Lokomotivkessele gebraucht gouf beschäftegt huet. Hie gouf do Directeur général adjoint, ier en 1938 bei déi nei gegrënnt SNCF gewiesselt huet wou hie Chefingenieur gouf an déi no him genannt Method TIA fir d'Qualitéit vum Kesselwaasser ze verbesseren, weider entwéckelt a perfektionéiert huet.

De Resistenzler änneren

Am Februar 1943 huet hien ugefaangen d'Resistenz op der franséischer Eisebunn z'organiséieren. Mat Hëllef vum Jean-Guy Bernard deen um Kapp vun der Resistenzbeweegung Noyautage des Administrations Publiques stoung, huet hien d'Grupp Résistance-fer gegrënnt. Nodeems de Jean-Guy Bernard am Januar 1944 verhaft gi war huet hien d'Direktioun vum Reseau mat, als zweete Mann, dem Jean Marthelot iwwerholl. De 25. Juni 1944 gouf hie vun der Gestapo verhaft a koum an de Prisong vu Fresnes wou en 1944 bei der Liberatioun vu Paräis erauskoum. Mat engem Dekreet vum 18. November 1944 krut hien d'Croix de la Libération.

Wierker änneren

  • 1958 : Savoie, Hachette, Collection « Les albums des guides bleus »
  • 1961 : Plaidoyer pour l'avenir (zesumme mam Michel Drancourt)
  • 1961 : [préfacier] Expérience d'urbanisme provincial, Jacques Riboud, préface vum Louis Armand, Éditions Mazarine
  • 1965 : De la Savoie au Val d'Aoste par le tunnel du Mont-Blanc
  • 1968 : Simples propos (Fayard).
  • 1969 : Propos ferroviaires
  • 1970 : L'Entreprise de demain. De la cybernétique à l'intéressement (zesumme mam Michel Drancourt), Paris: L'Inter.
  • 1971 : Le Pari européen (zesumme avec Michel Drancourt)
  • 1974 : Message pour ma patrie professionnelle (posthum)

Bibliographie änneren

  • Louis Armand, 40 ans au service des hommes, Association des amis de Louis Armand, chez Lavauzelle, 1986.
  • Henri Teissier du Cros, Louis Armand, visionnaire de la modernité, Éditions Odile Jacob (1987).
  • Josette Buzaré, Louis Armand, le Savoyard du siècle, Saint-Julien-en-Genevois, Éditions La Salévienne (2000).

Um Spaweck änneren

Commons: Louis Armand – Biller, Videoen oder Audiodateien