Poufank
Poufank | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Poufank-Männchen | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Fringilla coelebs L., 1758 |
De Poufank (Fringilla coelebs) ass e Sangvull aus der Famill vun de Fénken (Fringillidae).
AusgesinnÄnneren
De Männchen ass uewen um Kapp an um Hals blogro, Ënnendrënner ass e brongrout, de Schniewel ass groblo. D'Frächen ass uewendrop gréngelzeg-brong, ënnendrënner hellgro-brong, hire Schniewel ass hellbrong. Allenzwee hunn se opfälleg wäiss Sträifen un de Flilleken a gréngelzeg Fiederen un der Krippchen. Se gi 14 bis 18 Zentimeter grouss a weie ronn 20 Gramm. Wann d'Poufanken um Buedem trëppelen, juppelen se mam Kapp. Hire Fluch ass wellenaarteg.
Verbreedung an HabitatÄnneren
De Poufank ass an Europa, Nordafrika, a Westasien verbreet, wou en an de Bëscher, mä och a Parken an e Gäert bis an eng Héicht vun ongeféier 1.500 Meter lieft. En zielt zu deene Sangvullen, déi et an Europa am dackste gëtt. Op der Insel Madeira gëtt et eng endemesche Ënneraart, de Madeirapoufank.
KaschtÄnneren
D'Poufanke friesse Bieren, all Zorte Geseems, Insekten a Spannen. D'Jippelcher gi mat Insekten an deenen hire Larve gefiddert.
GesankÄnneren
ReproduktiounÄnneren
De Männche markéiert säi Revéier am Fréijoer duerch haarde Gesang. D'Weibche baut an enger Héicht vun 2–10 m an engem Bam e gutt getarntent Nascht mat décke Wänn, dat bannendran mat Hoer, Plommen, asw. ausgepolstert gëtt. Am Joer gëtt et zwou Bréiechte mat jee 4 -6 hellbrongen oder bloelzeg-wäissen Eeër, déi rout bis donkelbrong gepierpelt sinn. D'Eer ginn 13-14 Deeg ausgebréit. Déi Jonk gi 14 Deeg vun den Eltere gefiddert, duerno verloosse se d'Nascht.
NimmÄnneren
Nieft "Poufank" gëtt de Villche regional och nach Boufank, Puffank (Musel, Veianen), Bouféck, Bopitt, Boupitt, Pénkerchen, Bëschkäppchen (Léiler), Bëschvigelchen oder Bëschvillchen (Eislek, Kielen) genannt.[1]
KuriéisesÄnneren
Zu Lëtzebuerg nennt sech e Naturisteveräin De Poufank.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Poufank – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- de Gesank op www.vogelstimmen-wehr.de
ReferenzenÄnneren
- ↑ Klees, H. (1981): Luxemburger Tiernamen (inbegriffen, in 2. Auflage, die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen). Luxemburg (= Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV): S.33.