D'Krippchen ass den ënneschten Deel vun der Wierbelsail vun e puer Primaten, dorënner dem Mënsch. E setzt sech aus dräi bis véier Wierbelen zesummen, déi zesumme gewuess sinn.

D'Krippchen (rout) beim Skelett vum Mënsch.

De laténgeschen Numm os coccygis kënnt vum algriichesche Wuert fir de Guckuck, well déi antik Griiche fonnt hunn, d'Krippche géif wéi dem Guckuck säi Schniewel ausgesinn.[1],[2],[3]

D'Krippche gëllt als Iwwerrescht vun de Schwanzwierbele vun de Wierbeldéieren, déi sech am Laf vun der mënschlecher Entwécklung zeréckgebilt hunn.

Beim Falen oder engem Schlag op den Hënner kann d'Krippche verrenken oder briechen, wat mat vill Péng verbonnen ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Krippchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Des Moines University: Anatomy word of the month: coccyx vum Bill Dyche (4. November 2014)
  2. coccyx.org: Coccyx. The bone named for a bird (ursprénglech 1995)
  3. D'Krippchen am Onlinedictionnaire vum franséischen centre national de ressources textuelles et lexicales