De Poufank
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Veräin De Poufank. Fir de Villche selwer, kuckt wgl. Poufank. |
De Poufank ass e Lëtzebuerger Club fir Naturismus (FKK), deen 1984 gegrënnt gouf a Member vun der Fédération luxembourgeoise de naturisme ass.
De Poufank | |
---|---|
Typ | a.s.b.l. |
Grënnungsdatum | 1984 |
Sëtz | Miersch |
Mataarbechter | Ongeféier 40 Memberen |
Branche | Naturismus, FKK |
Homepage | www.poufank.lu |
Terrain
ännerenDen Terrain vum De Poufank ass beim Klaushaff tëscht Schëndels a Keespelt. De Klaushaff gehéiert zur Gemeng Helperknapp, awer den Terrain vum Club gehéiert zur Gemeng Miersch. E Schëld mat der Opschrëft ANP (=Association Naturiste Poufank) féiert iwwert e kuerze Wee vum Klaushaff bis op de Parking. De Parking ass fräi fir all Besuch, awer den Terrain ass duerch eng zougespaarte Paart ofgeséchert. D'Memberen, déi de Joresbäitrag fir den Terrain bezuelt hunn, kréien e Schlëssel, deen ee Joer laang passt. Den Terrain an de Parking sinn zesummen iwwert een Hektar grouss, sinn Eegentum vum Club a ginn a fräiwëlleger Aarbecht vu senge Memberen an der Rei gehalen (Wiss méien, Hecken a Beem schneiden, Hierschtblieder asammelen, ...).
Ariichtungen
ännerenUm Terrain ass e Clubhaus mat enger Kichen, engem beheizbare Wunnraum, engem Vestiaire an enger Toilette. Et kann een och waarm oder kal duschen a vun de Gaardemiwwele profitéieren. Eng Grillplaz a vill Plaz fir Sport a Spill ronnen d'Offer of.
Liquidatioun vun der a.s.b.l. De Poufank
ännerenAm Kader vun der Liquidatioun vun der Associatioun De Poufank hunn d'Liquidateuren informéiert datt den Terrain de 16. Mee.2022 der Gemeng Miersch verkaaft gouf. De Betrag gouf als Don der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf zu Miersch vermaach.