Our-Stauséi

(Virugeleet vu(n) Stauséi Our)

Den Our-Stauséi ass e Stauséi am enke mat Bësch bewuessenem Éisleker Ourdall tëscht Stolzebuerg a Veianen. E gëtt vum Barrage op der Loumille bei Veianen gestaut. De Stauséi ass den ënneschte Baseng vum Pompelspäicherwierk Veianen, dat zu de gréisste vun där Zort an Europa zielt.

Our-Stauséi
Bréck bei der Biwelsser Millen
Verwaltung
Land Lëtzebuerg,
Däitschland
Géigend Éislek
Geographie
Zweck Stroumproduktioun
Fläch 100 ha
Déift (Maximum) 25 m
Héicht. i. M. 228 m
Längt 7.930 m
Hydrographie
Baseng Rhäin
Zoufloss Our
Reutersbach
Aalbischer Bach
Bousterbaach
Ausfloss Our

Ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Stauséi huet en Deel vun der Uertschaft Biwels missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn. Den 8 km laange Stauséi bedeckt eng Fläch vu ronn 100 ha an huet e Fassungsverméige vun zirka 10 Millioune Kubikmeter. Flossopwäerts vun der Staumauer steet op der Héicht vu Stolzebuerg-Keppeshausen e Virwier mat Bréck.

Kuckt och änneren