Pisces-Zwerggalaxie
D'Pisces-Zwerggalaxie, och bekannt als LGS 3, ass eng irregulär geformt Zwerggalaxie am Stärebild Pisces a méiglecherweis eng Begleetgalaxie vum M33 (Dräiecksgalaxie). Si läit ronn 2,5 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. D'Galaxie huet e Radius vun nëmmen 850 Liichtjoer, an huet um Himmel eng Gréisst vun 2 Bouminutten.
UBV-Foto vun der Zwerggalaxie LGS 3 | |
Stärebild | Pisces (Psc) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 01h 03.9m |
Deklinatioun | + 21° 53.1'[1] |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | dIrr / dSph[1] |
Visuell Magnitude | 14,3[2] mag |
Wénkelduerchmiesser | 2.0×2.0[1] |
Physikalesch Donnéeën | |
Gehéiert zu | Lokal Grupp |
Distanz (Lj) | (2,51 ± 0,08) Mio.[3] |
Routverrécklung | (-9,56 ± 0,01) ∙ 10-4 |
Radialvitess | (-286,6 ± 0,3)[1] |
Absolut Hellegkeet | -10,4[2] |
Geschicht | |
Entdecker |
Charles T. Kowal Kwok-Yung Lo Wallace L. W. Sargent |
Entdeckungsdatum | Oktober 1978 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
PGC | 3792 |
D'Pisces-Zwerggalaxie ass teleskopesch schwéier z'observéieren, well si eng visuell Magnitude vu +14,3 mag an eng kleng Flächenhellegkeet huet. D'Galaxie gouf vun den Astronomen Charles T. Kowal, Kwok-Yung Lo a Wallace L. W. Sargent op fotografesche Placken entdeckt, déi am Oktober 1978 opgeholl gi waren.
Si huelen un, datt se zu der lokaler Grupp gehéiere kéint an hu s'an enger Lëscht publizéiert, déi se mat "Local Group Suspected" (LGS) bezeechent hunn. An der Lëscht sti fënnef Objeten, vun deenen der dräi als potentiell, bis elo onbekannt Membere vun der lokaler Grupp ugesi goufen. Déi nei entdeckt Galaxie steet op der drëtter Plaz, dofir d'Bezeechnung LGS 3.
Am Joer 1979 konnte schliisslech den Trinh X. Thuan an den George E. Martin d'Zougehéieregkeet vun LGS 3 zu der lokaler Grupp ënnerzeechnen; si war domat déi eenzeg Galaxie vun der LGS-Lëscht, déi als Member vun der lokaler Grupp identifizéiert gouf.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 NASA/IPAC Extragalactic Database
- ↑ 2,0 2,1 Lee, M. G.: "Stellar populations of the dwarf galaxy LGS 3 in the Local Group"; in: Astronomical Journal, Vol. 110, S. 1129ff.
- ↑ McConnachie et al.: "Distances and metallicities for 17 Local Group galaxies"; in: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 356, Issue 4, S. 979ff.