Felipe IV. vu Spuenien

(Virugeleet vu(n) Philippe IV. vu Spuenien)

De Felipe IV. (oder Philippe IV.), genannt el Grande oder Rey Planeta,[1] gebuer den 8. Abrëll 1605 am Palacio Real de Valladolid, zu Valladolid, a gestuerwen de 17. September 1665 am Real Alcázar, zu Madrid, war e spuenesche Monarch aus der spuenescher Linn vun den Habsburger (Casa de Austria).

Felipe IV. vu Spuenien
Titelen
Kinnek vu Spuenien
Zäit 1621 bis 1665
Biographie
Gebuer 8. Abrëll 1605
Gestuerwen 17. September 1665
Bestuet mat Élisabeth vu Bourbon,
Maria-Anna vun Éisträich
Geschwëster Anna vun Éisträich
Kanner Maria Theresia vun Éisträich, Karel II. vu Spuenien

Hie war vun 1621 bis 1665 Kinnek vu Spuenien a vun de Länner vun der spuenescher Kroun: Neapel, Sizilien, Sardinien, d'Spuenesch Nidderlanden - an deemno och Herzog vu Lëtzebuerg, souwéi dem spuenesche Kolonialbesëtz, a bis 1640 zousätzlech als Filipe III dee leschten habsburgesche Kinnek vu Portugal.

De Felipe IV. war dee leschte spuenesche Kinnek, deen aktiv eng Groussmuechtpolitik bedriwwen huet. Hien huet de Krich géint d'Nidderlanden reaktivéiert an am Drëssegjärege Krich un der Säit vun den éisträicheschen Habsburger gekämpft. Doriwwer eraus louch en am Sträit mat Frankräich an England ëm d'Hegemonie an Europa (Franséisch-spuenesche Krich an Englesch-spuenesche Krich). Am Westfälesche Fridden (1648) huet Spuenie missen d'Onofhängegkeet vun den Nidderlanden unerkennen, grad ewéi déi affirméiert Muechtpositioun vun de Protestanten a vu Frankräich. Am Traité vun de Pyrenäen (1659) huet de Felipe de Roussillon an aner Territoiren u Frankräich missen ofginn.

Dat ganzt Gekrichs huet de Staatsbudget schwéier belaascht, et koum e puermol zu enger Staatsfaillite. Säi Versuch, a Spuenien den Zentralstaat duerchzesetzen, huet a Katalounien (zanter 1640) zu Opstänn gefouert, a Portugal huet sech 1640 vun der spuenescher Kroun onofhängeg gemaach.

Hien ass awer och als Fërderer vun der Konscht bekannt; ë. a. den Diego Velazquez, vun deem déi bekannt Portraite vum Felipe sinn, war Moler op sengem Haff.

Hie war zweemol bestuet, ma eenzeg iwwerliewenden Ierwe war de Carlos II., deen de leschten Habsburger um spueneschen Troun sollt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Felipe IV. vu Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Felipe Pereda, Fernando Marías (Hrsg.): El atlas del Rey Planeta. La „Descripción de España y de las costas y puertos de sus reínos“ de Pedro Texeira (1634). Nerea, Donostia-San-Sebastián, 4. Aufl. 2009, ISBN 978-84-96431-62-1.