D'Kinnekräich Neapel war e fréiert Kinnekräich an Europa, méi genee am haitegen Italien, dat sech 1282 bei der Sizilianescher Vesper[1] vum Kinnekräich Sizilien ofgespléckt huet, an zu engem eegestännege Staat ginn ass.

Statu vum Charles vun Anjou vum Arnolfo di Cambio.

Am Joer 1139 hunn normannesch Zaldoten d'Stad Neapel ageholl, an hu si zu engem Deel vum Kinnekräich Sizilien gemaach, wat de Roger II. gegrënnt hat. Duerch d'Bestietnes vun der Ierfduechter vum Roger II., der Constance de Hauteville, mam Staufer Heinrich VI. (1186) gounge Sizilien an Neapel un d'Staufer an haten hir Glanzzäit 1220-1250 ënner dem Keeser Friedrich II.. Hien huet en zentralistesche Beamtestaat an d'Liewe geruff, deen awer no sengem Doud nees séier zerfall ass. Déi lescht Staufer, Manfred a Konradin, konnten näischt méi géint d'Ugrëffer vum Charles vun Anjou maachen. D'Sizilianesch Vesper (1282) huet Sizilien un Aragón bruecht, wärend zu Neapel d'Anjou un d'Muecht komm sinn. Dës Deelung vum Kinnekräich Sizilie war d'Gebuertsstonn vum eegestännege Kinnekräich Neapel.

Neapel ënner dem Haus Anjou änneren

Nodeem de süditalieeneschen Normannestaat en direkt Lehen vum Poopst war, hat et eng méi enk Bezéiung zu Roum wéi aner europäesch Räicher. Och dowéinst hunn Neapel, a Sizilien eng besonnesch Roll am grousse Schisma vum Owendland gespillt, dëst ëm sou méi, well et zwéi Kandidate gouf, déi vun enger peepstlecher Fraktioun ënnerstëtzt goufen. Dräi Joer nom Ausbroch vun der Kierchespaltung (1381) gouf d'Kinnigin Jeanne gefaange geholl, a wéineg spéider ermuert. Zwéi Kandidaten hu sech fir d'neapolitanesch Kroun intresséiert: de Karl vun Durazzo, Grof vu Gravina, e Cousin am zweete Grad vun der Kinnigin Jeanne, an de Louis, Herzog vun Anjou a Jong vum Kinnek Jean II. vu Frankräich. D'Kinnigin Jeanne hat de Louis vun Anjou e puer Joer virun hirem Doud adoptéiert, an zu hirem Nofollger ernannt. Wärend de Karl vum réimesche Poopst ënnerstëtzt a gekréint gouf, huet de Clemens VII. de Louis mat enger Arméi ënnerstëtzt, nodeem hien de Louis zu Avignon zum Kinnek vun Neapel gekréint hat. Dës zwéi Kandidaten haten hirersäits Nofollger, déi sech och nom Enn vum Schisma iwwer d'Recht- an Onrechtméissegkeet vum jeeweilege Géigner gestridden hunn. Nodeem de Louis vun Anjou a seng Nofollger bis op kuerz Zäitspanen ni zu Neapel selwer residéiert hunn, goufe si an der Fuerschung och Titularkinneke genannt.

 
Kinnekräich Neapel, 1282-1816

Neapel ënner dem Haus Aragón änneren

Am Joer 1422 konnt de Kinnek Alfonso V. vun Aragón a Sizilien Neapel nees mat sengem Räich vereenegen. No sengem Doud krut säi Brudder Jean Sizilien a säin oneheleche Jong Ferdinand Neapel. Dem Ferdinand säi Jong Alfonso II. gouf den 23. Januar 1495 gezwongen ofzedanken, well de franséische Kinnek Charles VIII. elo Neapel fir sech beusprocht huet, an d'Kinnekräich vu Februar bis Juli 1495 regéiert huet. Kuerz nodeem de Charles VIII. d'Stad nees verlooss hat, gouf si vum Ferdinand II. eruewert. No sengem Doud am Joer 1496 ass sech op en Neits ëm Neapel gestridde ginn. Dës Kéier war et kee franséische Prënz, mä de Kinnek vu Sizilien Ferdinand, dee 1501 an d'Stad agefall ass, an d'Räich ageholl huet.[2]

Neapel ënner den Habsburger änneren

Neapel huet weiderhin zu Sizilien gehéiert an déi zwee Kinnekräicher waren Niewelänner vun der spuenescher Kroun. Am Spueneschen Ierffollegkrich gouf Süditalien 1707 vun Éisträich besat. No den Traitéë vu Utrecht (1713) a Rastatt (1714) ass d'Kinnekräich vun Neapel a Sardinien un Éisträich gaangen, d'Herzogtum Savoie krut Sizilien.

E puer Joer méi spéit (1720), no engem Ugrëff vu Spuenien op Sizilien a Sardinien, deen awer vu Groussbritannien, Frankräich an Éisträich konnt ënnerbonne ginn, krut Éisträich Sizilien als Tosch géint Sardinien an d'Savoie, soudatt béid Räicher nees vereenegt waren.

Am Preliminarfridde vu Wien huet de Keeser Karl VI. 1735 Neapel a Sizilien un d'spuenesch Bourbonen als Sekundogenitur missen oftrieden. Un der Muecht war de spuenesche Krounprënz Carlos. Wéi dësen am Joer 1759 als Carlos III. op de spueneschen Troun komm ass, huet säin zweete Jong Ferdinand Neapel a Sizilien iwwerholl.

D'Franséisch Revolutioun an den Napoléon änneren

Am Zäitalter vun der franséischer Revolutioun gouf zu Neapel d'Parthenopeesch Republik[3] ausgeruff, an dem Kinnek ass nëmmen nach Sizilien bliwwen. 1806 huet den Napoleon Bonaparte säi Brudder Joseph, an zwee Joer drop säi Schwoer Murat als Kinneke vun Neapel agesat, wärend de Ferdinand ëmmer nach op Sizilien residéiert huet. Nom Wiener Kongress gouf de Ferdinand als Kinnek vu béide Sizilien ausgeruff. Dëst Kinnekräich ass bis 1860 (Sizilien bis am Mee, Neapel bis am September) en onofhängege Staat bliwwen. Am Oktober gouf d'Kinnekräich dem Kinnekräich Piemont-Sardinien ugeschloss, an den italieenesche Staat ass entstanen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kinnekräich Neapel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Sizilianesch Vesper war en Opstand aus dem Joer 1282 géint d'Herrschaft vum Charles vun Anjou.
  2. Vgl. Italieenesch Kricher.
  3. Vgl. Schwësterrepublik