Paul Leesch

lëtzebuergesche Geschäftsmann
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geschäftsmann Paul Leesch. Fir de Geschichtsprofesser mam änlechen Numm, kuckt wgl. Paul Lesch.

De Paul Leesch, gebuer den 3. Juli 1929 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 16. Juni 2021[1], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann. Mat der Grënnung vum éischte Supermarché an dem éischte Shopping Mall zu Lëtzebuerg huet hien de Commerce am Land staark markéiert.

Paul Leesch
Gebuer 3. Juli 1929
Lëtzebuerg
Gestuerwen 16. Juni 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun
Famill
Papp Arthur Leesch

Liewen änneren

De Paul Leesch gouf an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg gebuer. No sengem Ofschloss am Jongelycée ass hien 1949 op Bréissel gaange fir Stagen a gréisseren Handelsbetriber ze maachen. 1951, nodeem säi Monni Jeeck Leesch schwéier krank gi war, ass hien op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet als Junior-Chef bei Leesch Frères ugefaangen. 1955 huet hie mat sengem Brudder Alfred, genannt Ady, d'Firma iwwerholl.

De Paul Leesch war de Fils vum Arthur Leesch, dee mat senge Bridder d'Firma Leesch Frères gegrënnt hat, déi hirem Papp Joseph säi Grousshandel weiderbedriwwen huet. Ënner der Leedung vum Paul Leesch huet 1967 den éischte Cactus-Supermarché mat enger Verkafsfläch vun 1.100 m² zu Bäreldeng seng Dieren opgemaach. 1974 goung hien nach e Schrëtt weider an huet mat der Belle Etoile déi éischt Shopping Mall zu Lëtzebuerg opgemaach. D'Supermarchéë Cactus waren Ufank vum 21. Joerhonnert den zweetgréisste privaten Employeur zu Lëtzebuerg. De Paul Leesch, dacks als Grënner vum Cactus beschriwwen, sot iwwer sech selwer hie wier de « Responsabele vun der Evolutioun vun der Firma an der drëtter Generatioun ».

De Paul Leesch huet sech staark fir modern Geschäftsmodeller am Eenzelhandel intresséiert. Hien huet sech iwwer déi lescht Entwécklungen an den USA informéiert, och wann hie selwer déi Zäit ni an Amerika war, a sech mat Konzepter wéi dem « Pile it high, sell it low », « Loss Leaders » a « No Parking, No Business » beschäftegt. Säi Virbild war awer de Schwäizer Gottlieb Duttweiler, de Grënner vun der Firma Migros, deen 1948 deen éischte richtege Supermarché an Europa opgemaach hat.

De Paul Leesch huet sech 2001 vun der Spëtzt vum Grupp Cactus zeréckgezunn. 2007 huet hien och d'Presidence vu Leesch Frères ofginn.

Zanter senger Pensioun 2001 huet hien zu Degersheim an der Schwäiz gelieft.

De Paul Leesch war mat enger Schwäizerin, der Uschi Studer, bestuet, déi schonn 1984 gestuerwen ass. Si hate fënnef Kanner, d'Danièle, de Maximilian, genannt Max, de Joseph, genannt Jeff, d'Denise Leesch an d'Doris.

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort, 22.06.2021, S. 45

Source: Radio 100,7 Erlieft a Verzielt, De Paul Leesch am Gespréich mam Carlo Link, 14. Oktober 2007 um 9.30-10.30 an eng Rediffusioun um 19.00.