De Carlo Link, gebuer de 25. Oktober 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Redakter a Produzent, Museker, Organist, Createur vu Computer-Biller a fréiere Bankbeamten.

Carlo Link
Gebuer 25. Oktober 1953
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hien ass e fräie Createur vu Radiosemissiounen. Zanter 1993 ass hie fräie Mataarbechter beim Radio 100,7. Fir dee Radio huet hie follgend Emissioune kreéiert: Patch-Radio, Erlieft a Verzielt, Kommunikatioun a Medien. A weideren Emissiounen hat hie matgeschafft, ë. a. Innovatioun a Fuerschung, Nei Technologien, Konferenzen, Atlantis, Iwwer Joer an Dag, Leit wéi s du an ech. Hie mécht och geleeëntlech Reportagë fir d'Kulturredaktioun vum 100,7.

De Carlo Link huet ë. a. eng Rei Hannergrondreportagen zum Theema Radio an Televisioun am Télécran an am Radio Journal (D) publizéiert.

Hie war vun 1980-1996 fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg (z. B. fir Emissioune wéi D'Aen op oder de Beidel, Kontakt, Réckbléck, Neie Forum a Chrëscht-Emissiounen "Geschicht a Geschichten ronderëm Chrëschtdag" zesumme mat ë. a. der Ghita Cleri), donieft ë. a. Korrespondent vun der Redaktioun.

Enn vun den 1980er Jore war hie fräie Redakter a Produzent beim Deutschlandfunk an der Sendung Eurotreff mat Reportagen iwwer d'Finanzplaz Lëtzebuerg.

Hie war bis Abrëll 2009, donieft och Bankbeamten (80 %).