Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Sportaart Basketball. Fir de Ball, kuckt wgl. Basketball (Ball).
Basketball ass eng Ballsportaart, déi meeschtens an enger Hal praktizéiert gëtt a bei där zwou Mannschafte probéieren de Ball an ee vun den zwéi Kierf ze geheien, déi an enger Héicht vun 3,05 Meter op der schmueler Säit vum rechteckegen Terrain vis-à-vis vunenee stinn.
Déi italieenesch Basketballspillerin Sara Giauro bei engem Dräi-Punkte-Worf an der Europe-Cup-Finall vun de Fraen (2005)
Eng Mannschaft besteet aus fënnef Feldspiller a bis zu siwen Auswiesselspiller. Jiddwer Treffer an de Kuerf aus dem Spill eraus zielt jee no Distanz zwéin oder dräi Punkten. E getraffene Fräiworf zielt ee Punkt. D'Mannschaft mat der héchster Punktenzuel gewënnt de Match.