Pablo Neruda

chileenesche Schrëftsteller

De Pablo Neruda, gebuer den 12. Juli 1904 zu Parral am Chile als Neftali Ricardo Reyes Basoalto (säi Pseudonym Pablo Neruda, nom tschecheschen Dichter Jan Neruda, gouf spéider säin offiziellen Numm) a gestuerwen den 23. September 1973 zu Santiago, war e chileeneschen Dichter, Schrëftsteller, Diplomat a Politiker.

Pablo Neruda
Gebuertsnumm Ricardo Eliécer Neftalí Reyes Basoalto
Gebuer 12. Juli 1904
Parral
Gestuerwen 23. September 1973
Santiago de Chile
Doudesursaach Vergëftung
Nationalitéit Chile
Educatioun Universidad de Chile
Aktivitéit Dichter, Diplomat, Politiker, Liddertexter, Autobiograph, Schrëftsteller
Partei Chileenesch kommunistesch Partei
Member vun Modern Language Association, Akademie der Künste der DDR, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Delia del Carril
Papp José del Carmen Reyes Morales

Hien huet 1971 de Literaturnobelpräis kritt.

Den Neruda gouf schonn als Teenager fir seng Gedichter bekannt. Hien huet a ganz ënnerschiddleche Stiler a Gattunge geschriwwen, wéi surrealistesch Gedichter, Geschichtsepen, politesch Manifester, eng Prosa-Autobiographie, an erotesch ugehaucht Libesgedichter, wéi z. B. déi, déi 1924 am Fascicule Veinte poemas de amor y una canción desesperada erauskomm sinn.

De kolumbianesche Roman-Schrëftsteller Gabriel García Márquez huet hien eng Kéier "Dee gréissten Dichter vum 20. Joerhonnert, egal a wat fir enger Sprooch" genannt.

An den 1930er Jore war den Neruda Diplomat zu Madrid. Am Spuenesche Biergerkrich huet hie seng politesch Sympathië fir d'Gauche entwéckelt, besonnesch nodeems säi Frënd Federico García Lorca vu Franco-Unhänger ermuert gi war. Wéinst senge Vuen ass hien aus Spuenien erausgeflunn a goung a Frankräich, wou en 1938 Konsul fir Exilspuenier gouf. 1940-1943 war hien a Mexiko stationéiert, a goung dunn hannescht an de Chile.

De 15. Juli 1945 huet hien am Pacaembu Stadion zu São Paulo a Brasilien virun 100.000 Leit zu Éiere vum kommunistesche Revolutiounsleader Luís Carlos Prestes gelies[1].

Wärend senger berufflecher Karriär hat hien eng ganz Rëtsch vun diplomatesche Mandater, a war och eng Sëtzungsperiod laang Senateur fir d'Chileenesch Kommunistesch Partei. Wéi de President González Videla de Kommunismus 1948 am Chile fir illegal erkläert huet, gouf den Neruda per Haftbefeel gesicht; e konnt sech awer méintlaang zu Valparaíso bei Frënn am Keller verstoppen. Duerno ass hien iwwer d'Bierger an Argentinie geflücht, a goung méi spéit ë. a. an Italien an den Exil.

Uganks vun den 1970er Jore gouf den Neruda e Conseiller vum Salvador Allende, dem sozialistesche President vum Chile. Wéi hien 1971 vu Stockholm heemkoum, wou en den Nobelpräis kritt hat, huet den Allende hien invitéiert, am Nationalstadion viru 70.000 eng Liesung ze halen.

Wéi den Allende den 11. September 1973 duerch e Putsch vum Augusto Pinochet ofgesat gouf, louch den Neruda mat Kriibs schwéier krank am Bett. Hien ass den 23. September 1973 gestuerwen. Obwuel de Pinochet all Commemoratiouns-Manifestatioune verbueden hat, sinn Dausende vun Chileenen op d'Strooss gaangen, fir dem Neruda eng lescht Éier z'erweisen.

Wierker (Auswiel)

änneren
  • 1923 Crepusculario
  • 1924 Veinte poemas de amor y una canción desesperada
  • 1933 Residencia en la tierra
  • 1937 España en el corazón
  • 1948 Obras poéticas
  • 1950 Canto General
  • 1953 Los Versos del Capitán
  • 1953 Poesía política
  • 1954 Las Uvas y el Viento
  • 1960 Poesías: Las piedras de Chile
  • 1964 Memorial de Isla Negra
  • 1970 Las piedras del cielo
  • 1972 Geografía infructuosa
  • 1973 Satrapas
  • 1973 Confieso que he vivido
  • 1974 Libro de las preguntas

Literatur

änneren
  • Feinstein, Adam: Pablo Neruda: A Passion for Life, Bloomsbury, 2004. ISBN 1-58234-410-8
  • Neruda, Pablo: Confieso que he vivido: Memorias (Memoiren), 1973.
  • Tarn, Nathaniel, Ed (1975) Pablo Neruda: Selected Poems Penguin.

Referenzen

änneren
  1. Neruda, La vida del poeta: Cronología, 1944–1953, Fundación Neruda, University of Chile.