Orionaarm
Den Orionaarm (oder lokalen Aarm) ass e Spiralaarm vun der Mëllechstrooss, an deem ënner anerem och eist Sonnesystem dran ass.
Der Orionaarm läit tëscht dem grousse Sagittarius-Aarm an dem Perseusaarm an ass warscheinlech e méi klengen Niewnaarm. Hien ass zirka 20.000 Liichtjoer laang, 2.000 Liichtjoer breet a ronn 26.000 Liichtjoer vum Galakteschen Zentrum ewech. Hien zeechent sech duerch eng Rei gliddeg Stäre vun de Klassen O a B aus, déi haaptsächlech zum Stärebild Orion gehéieren. Dofir krut hie säin Numm, Orionaarm.
D'Sonn an hire System läit – a Längsrichtung ongeféier an der Mëtt – am bannenzege Rand vum Orionaarm.
Objeten am Orionaarm an an der Noperschaft
ännerenE Mausklick op d'Beschrëftunge vun den Objeten op de béide follgende Kaarten féieren op de betreffenden Artikel, souwäit en existéiert.
Bis 7.000 Liichtjoer
ännerenBis 11.000 Liichtjoer
ännerenMessier-Objeten am Orionaarm
ännerenDen Orionaarm huet follgend Messier-Objeten:[1]
Numm | Typ | Distanz a Liichtjoer |
alternativ Bezeechnung |
---|---|---|---|
Päiperlekskoup | oppene Stärekoup | 1600 | NGC 6405 |
M7 | oppene Stärekoup | 800 | NGC 6475 |
M23 | oppene Stärekoup | 2150 | NGC 6494 |
M25 | oppene Stärekoup | 4600 | IC 4725 |
Hantelniwwel (M27) | Planetareschen Niwwel | 1360 | NGC 6853 |
M29 | oppene Stärekoup | 4000 | NGC 6913 |
M34 | oppene Stärekoup | 1400 | NGC 1039 |
M35 | oppene Stärekoup | 2800 | NGC 2168 |
M39 | oppene Stärekoup | 825 | NGC 7092 |
Winnecke 4 | Duebelstär | 560 (+-230) | |
M41 | oppene Stärekoup | 2300 | NGC 2287 |
Orionniwwel (M42) | Emissiounsniwwel | 1350 | NGC 1976 |
De Mairans Niwwel (M43) | Gasniwwel | 1300 | NGC 1982 |
Praesepe (M44) | oppene Stärekoup | 577 | NGC 2632 |
Plejaden (M45) | oppene Stärekoup | 440 | |
M46 | oppene Stärekoup | 5400 | NGC 2437 |
M47 | oppene Stärekoup | 1600 | NGC 2422 |
M48 | oppene Stärekoup | 1500 | NGC 2548 |
M50 | oppene Stärekoup | 3200 | NGC 2323 |
Rankniwwel | planetareschenn Niwwel | 2300 | NGC 6720 |
M67 | oppene Stärekoup | 2700 | NGC 2682 |
M73 | Asterismus | 2500 | NGC 6994 |
Klengen Hantelniwwel (M76) | planetaresche Niwwel | 3400 | NGC 650 |
M78 | Reflexiounsniwwel | 1600 | NGC 2068 |
M93 | oppene Stärekoup | 3600 | NGC 2447 |
Eilenniwwel (M97) | planetareschen Niwwel | 2000 (+-500) | NGC 3587 |
Galerie
änneren-
Spiraläerm vun der Mëllechstrooss
-
Orionspuer um Nuetshimmel
-
Orionaarm aus Sinai, Egypten
Um Spaweck
änneren- (en) Animatioun vun der Mëllechstrooss NASA
- (en) [ Biller an Informatiounen op www.galaxymap.org