Messier 57
De Rankniwwel an der Lyra (och nëmme Rankniwwel, Messier 57 oder NGC 6720 bezeechent) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Lyra.
Date vum Messier 57 | |
---|---|
Engleschen Numm | Ring Nebula |
Katalogbezeechnungen | M 57 NGC 6720 |
Rektaszensioun | 118h 53,6m |
Deklinatioun | +33° 2' |
Equinoxe | J2000.0 |
Visuell Magnitude | 8,8m |
Distanz | 2.300 Liichtjoer |
Wénkelduerchmiesser | 118 Bousekonnen, |
Absolutten Duerchmiesser | 1,3 Liichtjoer, |
Spektraltyp | |
Stärebild | Lyra (Lyr) |
Den Niwwel ass den Iwwerrescht vun engem Stär, dee viru ronn 20.000 Joer säi baussenzege Gasmantel ofgesprengt huet. De Gasmantel dehnt sech mat enger Vitess vun 19 km/s aus, an huet am Ament (2014) e Wénkelduerchmiesser vun zirka 118 Bousekonnen, wat bei enger Distanz vun 2.300 Liichtjoer en absolutten Duerchmiesser vun zirka 1,3 Liichtjoer bedeit. Am Teleskop erschéngt den Niwwel rankfërmeg. Tatsächlech bilt de siichtbare Gasmantel kee Rank am Raum, awer gläicht engem Torus. Am Zentrum vum Niwwel ass ee Wäissen Zwergstär mat enger Temperatur vun zirka 70.000 °C an enger visueller Magnitude vu 15,8 mag.
Den M 57 ka relativ liicht fonnt ginn, well hie bal an der Mëtt vun der Verbindungslinn vun de Stäre β an γ Lyrae steet.
Entdeckung
ännerenDen M 57 gouf 1779 vum Antoine Darquier de Pellepoix bei der Observatioun vun engem Koméit entdeckt. Am selwechte Joer huet de Charles Messier en a säi Katalog opgeholl.
Den Darquir huet d'Ausgesi vun dësem Niwwel mat engem Planéit verglach, wat den Astronom Wilhelm Herschel dozou bruecht huet, dësen Typ vun Niwwel als planetareschen Niwwel ze bezeechnen.
Ausgesinn
ännerenDen M 57 ka scho mat engem klengen Teleskop vu 10 cm Ëffnung als „Rankniwwel“ gesi ginn.
Den Zentralstär ass mat enger visueller Magnitude vu 15,8m allerdéngs liichtschwaach. Fir hien ze gesi brauch ee schonn en Teleskop mat enger Ëffnung vu 40 cm.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ring Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |