Op dem Boesch

archeologesch Plaz bei Altwis
(Virugeleet vu(n) Op dem Bësch)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Op dem Bësch (och an der Schreifweis Op dem Boesch ze fannen) oder Op der Grof[1], ass eng archeologesch Fondplaz bei Altwis vum Enn vun der Jongsteenzäit, déi der Klackebecherkultur (2900 - 1900 v. Chr.) zougeuerdent gëtt.

Op dem Boesch
Typ archeologesch Plaz, Graf
Land Lëtzebuerg
Gemeng Munneref
Plaz Altwis
Adress Op der Grof, Op dem Bësch
Koordinaten 49°31'13,01"N, 6°15'25,09"O
Datum vun der Entdeckung Oktober 2006
Statut Ausgruewung

D'Ausgruewunge laanscht d'Autobunn A13 tëschent Beetebuerg a Schengen hunn um Enn vun der 1990er Joren ugefaangen. An deem Kader sinn Op dem Bësch am Oktober 2006 zwee Griewer entdeckt ginn. An engem Graf, mat der Form vun enger ovaler Grouf, louch eng Fra, déi de Kapp vun engem Kand esou an hiren Hänn gehalen huet, datt déi zwee sech an d'An gekuckt hunn. D'Studie vun den DNA-Daten hunn 2023 erginn, datt et sech ëm eng Mamm mat hirem dräijärege Jong gehandelt huet, déi tëschent 2135 an 1955 v. Chr. gelieft mussen hunn. Et kéint sinn, wann och nach net bewisen, datt déi zwee un der Pescht gestuerwe wieren.

Am INRA soll 2024 dëse Fond aus dem Graf vun der Mamm mam Jong an enger faarweger Replik der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
  1. Anne Hauzeur, 2007, S. 25