Observatorio Astronómico de La Sagra

Den Observatorio Astronómico de La Sagra (OLS) ass e spueneschen Astronomeschen Observatoire an der Géigend vun der Stad Puebla de Don Fadrique an der Provënz Granada.

Den Observatoire steet um Sierra de La Sagra op enger Héicht vu 1.530 m iwwer dem Mieresspigel. Den Observatoire ass a Privatbesëtz a gëtt a Kooperatioun mat engem Hotel aus der Moperschaft mam Instituto de Astrofísica de Andalucía (IAA: Institut fir Astrophysik an Andalusien) an dem Consejo Superior de Investigaciones Científicas (CSIC; Irweschtete Root fir wëssenschaftlech Fuerschung) bedriwwen. Et gouf de 14. Juni 2004 ageweit. Standplazvirdeeler sinn kleng Liichtverschmotzunge, gutt Wiederbedéngungen a wéineg Loftfiichtegkeet.

Déi véier Robotik-Teleskope gi vum Observatorio Astronómico de Mallorca (OAM) teleguidéiert. D'Fernsteierung via Internet ass awer och fir aner Leit mat Zougrëfferlabnes méiglech. Den Observatoire gëtt besonnesch fir d'Sich no Klengkierper am Sonnesystem, wéi Asteroiden oder Koméiten, benotzt. Dat geschitt mam La Sagra Sky Survey (LSSS). Als éischten Asteroid gouf den 19. September 2006 den (185101) 2006 SX19 entdeckt. Den éischte Koméit gouf 2009 zesumme mam Asteroid 279P/La Sagra entdeckt.

Entdeckungen änneren

Follgend um Observatorio Astronómico de La Sagra entdeckt Asteroiden hu schonn en Numm:

Numm Entdeckt Geenannt no(m)
(185164) Ingeburgherz 27. September 2006 Ingeburg Herz (1920–2015), däitsch Entrepreuner a Grënnerin vun der Max und Ingeburg Herz Stiftung
(216295) Menorca 11. Juni 2007 Insel Menorca
(424200) Tonicelia 12. Juli 2007 Antonio Celia Miro (* 1969), spuenesche Softwareentwéckler an Amateurastronom
(304788) Cresques 13. Juli 2007 Abraham Cresques (1325–1387), hat als Kartograph de Katalanesche Weltatlas opgestallt
(266465) Andalucia 16. Juli 2007 Andalusien, spuenesch Regioun
(164589) La Sagra 11. August 2007 Sierra de La Sagra resp. Observatorio Astronómico de La Sagra, (éischte nummeréierten Asteroid vum OLS)
(171458) Pepaprats 7. Oktober 2007 Pepa Prats Cruz (1964–2008), verstuerwe Fra vum Astronom José Luis Ortiz aus dem Entdeckerteam
(178267) Sarajevo 31. Dezember 2007 Sarajevo, Haaptstad vu Bosnien an Herzegowina
(185560) Harrykroto 7. Januar 2008 Sir Harold (Harry) Walter Kroto (1939–2016), krut 1996 de Nobelpräis fir Chimie
(185638) Erwinschwab 1. Mäerz 2008 Erwin Schwab (* 1964), däitschen Amateurastronom
(185639) Rainerkling 2. Mäerz 2008 Rainer Kling (* 1952), däitschen Amateurastronom
(187700) Zagreb 2. Mäerz 2008 kroatesch Haaptstad Zagreb
(202787) Kestecher 25. Juli 2008 Natalie Kestecher (* 1961), präisgekréinten australesch Radio Produzentin
(236988) Robberto 25. August 2008 Massimo Robberto (* 1958), Astronom um Space Telescope Science Institute
(236987) Deustua 26. August 2008 Susana E. Deustua (* 1961), Astronomin um Space Telescope Science Institute
(212981) Majalitović 14. Februar 2009 Maja Litović Crnić (* 1958), kroatesch Geschichtspedagogin an Amateurastronomin
(257336) Noeliasanchez 4. Mee 2009 Noelia Sanchez (* 1975), Matgrënnerin vun der Firma Deimos Imaging, déi z. B. Deimos-1 bedreift
(257371) Miguelbello 14. August 2009 Miguel Bello (* 1961), Grënner an CEO vun der Firma Deimos Imaging; war ë. a. bedeelegt um Giotto an un der Rosetta
(362911) Miguelhurtado 29. August 2009 Miguel Hurtado (* 1978), La Sagra Teammember
(332733) Drolshagen 21. September 2009 Gerhard Drolshagen (* 1953), Co-Manager vum Space Situational Awareness Teams for Near Earth Object vun der ESA
(228180) Puertollano 11. Oktober 2009 Puertollano, spuenesch Stad
(353595) Grancanaria 4. Oktober 2011 Insel Gran Canaria
(367943) Duende 23. Februar 2012 Duendes si Kobolde vun der spuenescher Mythologie, déi meeschtens a Kannerzëmmerwänn liewen

Follgend Koméite goufen um Observatoire Astronómico de La Sagra entdeckt:

I.A.U.-Numm Virleefeg Bezeechnung Entdeckt
279P/La Sagra P/2009 QG31 19. August 2009
N.N. P/2009 T2 12. Oktober 2009
233P/La Sagra P/2009 WJ50 19. November 2009
324P/La Sagra P/2010 R2 13. August 2010
N.N. C/2012 B3 29. Januar 2012
N.N. P/2012 NJ 13. Juli 2012
N.N. P/2012 S2 23. September 2012
N.N. C/2013 H1 19. Abrëll 2013

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren