Den Norma-Galaxiëkoup (och Abell 3627) ass ee grousse Galaxiëkoup am Stärebild Norma an der Géigend vum Zentrum vum Groussen Attrakter. Hie kann net gutt observéiert ginn, well hien a Richtung Kant vun eiser Mëllechstrooss läit a sou duerch interstellare Stëbs verdeckt gëtt. Seng Mass gëtt op 1015 Sonnemasse gerechent.

Den Zentrum vum Norma-Galaxiëkoup. An der Mëtt sinn d'Risegalaxien ESO 137-8 an den ESO 137-6 (lénks) ze gesinn.

Am Galaxiëkoup gouf duerch d'Chandra Röntgenteleskop d'Galaxis ESO 137-001 entdeckt, déi op den Zentrum vum Abell 3627 zourast an een 200.000 Liichtjoer laange Gasschwäif hanner sech zitt, an deem eng grouss Zuel vun neie Stären entstinn. (Stand September 2007)

Daten änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren