De Kraterrand resp. Kraterrampli vun engem Aschlagkrater, beispillsweis vun engem Rankbierg um Äerdmound, entsteet bei engem Impakt vun engem massive Klengkierper duerch d'Auswerfe vu staark kompriméiertem Material dat explodéiert.

Kraterformung duerch Aschlag

änneren
 
Schema vum Genesisoflaf vun engem Aschlagkrater.

Wann e Meteoroid oder Asteroid aus dem Weltraum erofgeschoss kënnt, huet en eng Vitess vun 10 bis 70 Kilometer pro Sekonn (30- bis 200-fach ierdesch Schallvitess). Beim Opprall dréngt hie bis 100 Meter an d'Gestengs an, wat nëmmen e puer Dausendstel Sekonnen dauert. An deem kuerze Moment gëtt all seng kinetesch Energie a Wäermt ëmgewandelt an en explodéiert. D'Material ronderëm gëtt kegelfërmeg ewechgesprengt; um Bord vum Lach, dat entstanen ass, formt en Deel dovun e Rampli. Wann e groussen Objet oder een mat héijer Vitess aschléit, fiedert d'Uewerfläch zeréck a formt en Zentralbierg. Beim Fall vun enger Kugel an d'Waasser geschitt dat selwecht: eng Drëps spréngt an der Mëtt an d'Luucht.

Beispill

änneren
 
De Moundkrater Theophilus (Foto vun Apollo 16, National Aeronautics and Space Administration)

De fotograféierte Moundkrater Theophilus huet eng 105 km grouss kreesfërmeg Muld am Buedem vum Äerdmound no bei der visueller Moundmëtt an ongeféier 2 Mrd. Joer al. Hien huet eng Ramplihéicht vu ronn 7 km. D'terrassenfërmeg ofgestufte bannescht Häng maachen hien zu engem vun de schéinste Moundobjete. Den Asteroid, deen dës Rankbierger opgeworf hat, war ongeféier 5 km grouss. Duerch dat bei der Explosioun erausgehäite Material läit de Kraterbueden eppes méi déif wéi d'Ëmgéigend.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie