D'Montes Alpes sinn e Biergszuch op der nërdlecher Hallschent vun der viischter Säit vum Äerdmound an no den europäeschen Alpe genannt.

Montes Alpes
Koordinaten 48°21'36"N, 0°34'48"W
Genannt no Alpen
Moundvéiereck LQ04
Topographesch Kaart vum Mare Imbrium. D'Montes Alpes si mat "D" gezeechent.

Den Zentrum vun der Formatioun läit bei 46°24'N, 0°48'W.

De Gebiergszuch formt déi nordëstlech Grenz vum Mare Imbrium. Dëst Moundmier, an deem bal keng opfälleg Formatioune sinn, formt d'Westsäit vun de Moundalpen. Dogéint läit op der Ostsäit e staarkt strukturéiert Héichland mat enger däitlech méi heller Albedo. D'Biergkette fänkt ronn e Kraterduerchmiesser nordwestlech vum Cassini-Krater beim Promontorium Agassiz un, a streckt sech dann iwwer 50 km no Nordwest a setzt sech schliisslech - streckeweis ënnerbrach - bis zum Krater Plato fort. An deem Ofschnëtt ass och de Gruefsystem Rima Plato.

Den nordwestlechen Drëttel vum Biergzuch gëtt duerch d'Vallis Alpes vum Rescht vun de Bierger getrennt. Et handelt sech dobäi ëm ee bis zu 20 km breede Gruef, dee sech aus engem schmuelen Aschnëtt eraus iwwer zirka 180 km bis hin zum Mare Frigoris erstreckt. Duerch d'Mëtt vum Dall zitt sech eng Griecht.

Bei ongeféier engem Drëttel Längt vum Biergzuch vu Südosten hier ass de Mons Blanc. De lunare Mont Blanc erreecht eng Héicht vu 3,6 km iwwer dem Niveau vum Mare Imbrium. Am Allgemengen erreechen d'Spëtzten an de Moundalpen nëmmen Héichte vun 1,8 bis 2,4 km. Op hallwem Wee tëscht dem Mons Blanc an dem Promontorium Agassiz ass de Promontorium Deville. Südwestlech vum Promontorium Agassiz läit den isoléierten, 2,3 km héije Mons Piton.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren