Universitéit vun Arizona

(Virugeleet vu(n) University of Arizona)

D'Universitéit vun Arizona (bekannt och als U of A) ass eng Universitéit zu Tucson an Arizona. Se gouf 1885 gegrënnt, an 1891 mat 32 Studenten opgemaach. Am Joer 2010 waren 39.068 Studenten ageschriwwen. D'Universitéit huet e besonnesch gudde Ruff an de Beräicher Anthropologie, Astronomie, Astrophysik, Analytesch Chimie, Entrepreneurship, Hydrologie, Optik, Apdikt, Philosophie a Planetologie.

Universitéit vun Arizona
The University of Arizona
Typ staatlech Universitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA
Land USA
Schülerzuel 45.601
  September 2020; 1. September 2021
Gegrënnt 1885
Um Spaweck https://www.arizona.edu
Old Main, dat eelst Gebai op dem Campus
D'Campus Mall vun der Universitéit vun Arizona

Den Eller College of Management, d'Business School, gehéiert no de Rankings vun U.S. News & World Report am Joer 2011 zu de 15 beschte staatleche Business Schoulen an den USA. Zu der Universitéit vun Arizona gehéiert ënner anerem och déi eenzeg medizinesch Fakultéit an Arizona souwéi eng juristesch Fakultéit, den James E. Rogers College of Law.

Als eenzeg Universitéit an Arizona ass si Member vun der Association of American Universities, engem Verband vu féierende fuerschungsintensiven nordamerikaneschen Universitäten.

Geschicht änneren

1885 gouf d'Universitéit vun Arizona als éischt Universitéit vum deemolegen Arizona-Territoire gegrënnt, nodeem d'Regierung vun der Territorialverwaltung $25.000 zur Dispositioun gestallt hat. Am éischte Joergank 1891 goufen 32 Studenten immatrikuléiert. D'Virliesunge waren deemools am Gebai "Old Main", dat haut nach am Zentrum vun der Universitéit steet.

Fréier an haiteg Professeren änneren

Nobelpräisdréier

Weider Professeren a wëssenschaftlech Mataarbechter

Um Spaweck änneren

Commons: Universitéit vun Arizona – Biller, Videoen oder Audiodateien