Ptolemaeus (Moundkrater)

Moundkrater

De Moundkrater Ptolemaeus - en ausgedeenten, 150 km grousse Rankbierg - läit bal an der Mëtt vun der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. Hie läit an enger schwaach verkraterter Regioun tëscht de Fläche Sinus Medii an Mare Nubium.

Ptolemaeus
Ptolemaeus lunar crater map.jpg
Koordinaten 9°9'36"S, 1°50'24"W
Duerchmiesser 154 km
Déift 2.400 m
Genannt no Ptolemäus
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ19

Zesumme mat de Moundkratere Alphonsus an Arzachel bilt hien eng Aart Dräipunkt an der Mëtt vun der „Moundscheif“. Den opfälleg glate Kraterbuedem vum Ptolemaeus ass genee un d'Moundkrëmmung ugepasst an ass ganz mat Lava opgefëllt, en huet awer keen Zentralbierg. De Kraterrampli ass ëm déi 2400 m héich. Bannendran hu spéider Aschléi nach kleng Kratere gebilt, vun deenen een déiwe mat 9 km Duerchmiesser, den Ammonius am beschten ze gesinn ass. Direkt nërdlech vun him ass bei déiwem Sonnestand (kuckt Terminator) e staark erodéierte "Geeschterkrater" ze gesinn.

De Ptolemaeus ass den eelste Krater an där Regioun. Säi Fong gëtt deelweis och mat Ausworf vum Krater Alphonsus bedeckt. D'Ränner vum Ptolemaeus an Alphonsus ginn duerch en opfällege System vu parallele Kanten a Grief geschnidden, déi „Imbrium Skulptur“ genannt gëtt, well si vum Mare Imbrium aus fortgeet.

NiewekraterenÄnneren

Ptolemaeus Breedegrad Längtegrad Duerchmiesser
B 7.9° S 0.7° W 17 km
C 10.1° S 3.3° W 3 km
D 8.2° S 2.5° W 4 km
E 10.2° S 4.5° W 32 km
G 7.1° S 0.1° E 7 km
H 7.1° S 5.4° W 7 km
J 9.6° S 5.4° W 5 km
K 8.2° S 4.6° W 8 km
L 8.8° S 4.0° W 4 km
M 9.4° S 3.4° W 3 km
O 7.2° S 3.6° W 5 km
P 11.4° S 3.2° W 4 km
R 6.7° S 1.2° W 6 km
S 10.5° S 0.5° W 4 km
T 7.5° S 0.0° E 7 km
W 9.1° S 1.4° E 4 km
X 10.9° S 0.3° E 4 km
Y 9.3° S 0.7° E 6 km

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie