Arthur Welter (S.à r.l.)

Arthur Welter S.à r.l.[1] ass eng lëtzebuergesch Transportfirma. Si gouf 1962 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Leideleng.[2]

Arthur Welter
Typ SARL
Grënnungsdatum 1962
Sëtz Lëtzebuerg, Leideleng
Leedung Arthur Welter (President)
Viviane Welter (Gérante)
Marianne Welter (Gérante)
Mataarbechter 440 (2012)
Ëmsaz 46 Milliounen EUR (2012)
Produit Stroossentransport
Homepage www.awelter.lu

Geschicht änneren

Den Arthur Welter huet seng Transportfirma 1962 mat engem eenzegen als Véitransporter benotzte Camion zu Iwwersiren gegrënnt. Ee Joer méi spéit sinn der scho méi wéi fënnef fir d'Firma gefuer. An den 1970er Joren ass den nationalen an den internationalen Transport an den Entreposage ausgebaut ginn. 1975 war Arthur Welter déi éischt Firma zu Lëtzebuerg, déi mam Stroossentransport vu Loftfracht ugefaangen huet, woumat de Camionspark séier gewuess ass. 1973 ass d'Entreprise dunn op Zéisseng geplënnert, wou hinne ronn 1.500 m2 Lagerfläch zur Verfügung stoungen. Zanter 1996 operéiert d'Firma vun der Industriezone "Am Bann" zu Leideleng aus, wou si mat 19.000 m2 nach méi Plaz zur Verfügung hunn.

Haut fuere fir Arthur Welter bal 600 Transportmëttel, dorënner ëm déi 250 Camionen um internationalen a 40 Camionen um nationalen Niveau. D'Firma ass nach ëmmer Leader am Transport vum Fret aérien zu Lëtzebuerg. En anert wichtegt Standbeen ass déi national Distributioun. Eleng am Grand-Duché transportéiert d'Entreprise all Joer 210.000 Eenheeten. Mat 440 Employéen ass Arthur Welter eng vun de gréissten Transportfirmen am Land.

D'Entreprise huet Filialen um Houwald, zu Sterpenich, zu Bratislava an op de Fluchhäfen Lëtzebuerg, Frankfurt-Hahn an Amsterdam.

2011 louch den Ëmsaz bei ëm déi 46 Milliounen Euro.[3]

De Betrib gehéiert och haut nach komplett der Famill Welter.

Quellen änneren

  • "Seit einem halben Jahrhundert 'on the road' - Vom kleinen Viehtransporter zum international tätigen Straßentransportunternehmen: 'Arthur Welter' feiert heute 50. Geburtstag" ; Sanja Simic in Luxemburger Wort ; 29. Juni 2012 ; Säit 76-77

Referenzen änneren

  1. Artur Welter op editus.lu
  2. L'essentiel: "Stocker et livrer des colis - source d'expansions" (26. Juni 2012; gekuckt den 29. Juni 2012)
  3. Le Jeudi: "Label vert chez Welter" (1. Mäerz 2012; gekuckt den 29. Juni 2012)