Kierch Elveng
D'Kierch zu Elveng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Elveng (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Elveng | |||
Par | Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Johannes | |||
Konsekratioun | 1875 | |||
Architekt(en) | Charles Arendt | |||
Baujoer | 1859 | |||
Koordinaten | 49° 30’ 20.1’’ N 06° 18’ 56.9’’ O | |||
D'Elvenger Kierch vu bannen | ||||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.
Se steet zentral am alen Duerfkär op der Kräizung vum CR162 (Ellenger Strooss) mat dem CR150A (Éimerenger Strooss).
Den 30. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Elveng gehéiert ausser der Parkierch vun Elveng och nach d'Kapell vun Éimereng.
Geschicht
ännerenD'Kierch am neogotesche Baustil gouf 1859-60 no Pläng vum Architekt Charles Arendt op der selwechter Plaz gebaut wou virdru schonn eng Kapell stoung a vun där nëmmen nach de Sockel vum Tuerm iwwreg blouf. De Grondsteen gouf den 28. Abrëll 1859 geluecht an den 2. Juli 1875 gouf se vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert. Se huet Fënsteren a Wandmolereie vum Nicolas Brücher.
Klacken
ännerenD'Kierch huet zwou Klacken am Tuerm.
D'Klack Jang den Deefer am Toun Sol" ass 550 kg schwéier. Se gouf 1907[2] vun der Klackegéisserei F&A Causard vu Stroossbuerg gegoss.
D'Klack Blasius am Toun Do" ass 210 kg schwéier. Se gouf 1832 vun der Firma Père et Fils Perrin gegoss.
De Chronogramm
ännerenIwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1859 duerstellt:
- BIS RENOVATA DOMVS
- TIBI SIT SACRATA IOANNES
- VT PHOENIX VIVAX NASCITVR
- E CINERE
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Elveng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Géissersignatur op der Klack