D'Kierch zu Waldbëlleg ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Waldbëlleg gehéiert.

Kierch vu Waldbëlleg
Parkierch vu Waldbëlleg (2006)

Parkierch vu Waldbëlleg (2006)
Parkierch vu Waldbëlleg (2006)
Uertschaft / Plaz Waldbëlleg
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Paulus
Baujoer 1777-1779
vergr. 1879 an 1895
Koordinaten 49° 47’ 49.6’’ N
      6° 16’ 56.7’’ O
Den Interieur vun der Kierch no der Restauratioun am Joer 2015

Den Interieur vun der Kierch
no der Restauratioun am Joer 2015
Den Interieur vun der Kierch
no der Restauratioun am Joer 2015
Kierchen - Kapellen

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Nordweste vun der Uertschaft an der rue André Hentges.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht

änneren

Déi fréier Parkierch vu Waldbëlleg stoung mat hirer nërdlecher Säit bal ganz op den Iwwerreschter vun engem réimesche Graf. Den Alexander Wiltheim (1604-1684) huet dëst Graf a sengem Wierk Luxemburgum romanum mat där imposanter Igeler Sail verglach. Hien huet och selwer 14 eenzel Relieffragmenter dovun nogezeechent. Dës Fragmenter waren an der Baussemauer vun der Kierch siichtbar agemauert.

1779 gouf déi haiteg Parkierch op der selwechter Plaz gebaut. Zanterhir sinn déi réimesch Skulpture verschwonnen.

Am Joer 1808 ass d'Filial Chrëschtnech vun der Par Waldbëlleg ofgespléckt ginn a gouf eng eegestänneg Par.

1879 huet d'Kierch wéinst dem Uwuesse vun der Bevëlkerung misse vergréissert ginn.

De Chouerbou ass 1934 vum bekannte Kierchemoler Nicolas Brücher ausgemoolt ginn.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Waldbëlleg. Zur fréierer Par Waldbëlleg huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vun Haler an d'Méchelskapell um Grondhaff gehéiert.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Waldbëlleg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).