Bëschhieselter

Eng Aart an der Gattung Hieselter

De Bëschhieselter, (Corylus avellana, L) meeschtens nëmmen Hieselter genannt, ass e klenge Bam aus der Gattung vun den Hieselter an der Famill vun de Bierkegewächser, dee bis 12 Meter héich ka ginn. Seng Friichte sinn d'Hieselnëss.

Bëschhieselter
Hieselter
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Fagales
Famill Bierkeplanzen
Gattung Hieselter
Wëssenschaftlechen Numm
Corylus avellana

D'Hieselter sinn a ganz Europa doheem, bis op den 68. Breetegrad, an a Klengasien. Se wuesse gutt op Kallekbiedem, awer och op neutralen a liicht sauere Biedem. Et fënnt ee s'am Bësch am Ënnerghëlz, um Bord vun de Bëscher, an an Hecken.

Seng Schuel ass grobrong a glënnert e bësselchen, ofhängeg vun der Plaz op där e steet rullt se sech a klenge Sträifen.

Habitus änneren

Den Hieselter gëtt et mat engem kuerze Stronk, meeschtens awer mat méi Strénk déi vum Buedem ausginn.

Blieder änneren

D'Blieder sinn ongeféier 10 × 10 cm grouss, bal kreesronn bis obovat, op der Basis häerzfërmeg. Um Bord vum Blat sinn dräieckeg, schaarf, an ongläichméisseg Zacken. D'Blat ass uewendriwwer donkelgréng, rau, an huet kleng Hoer. Op der ënneschter Säit si mëll Nerven, an et huet wäiss Heeërcher.

Bléien änneren

Déi bis 5 cm laang männlech Bléie si brongelzeg-giel, beim Stëpse blatzeg-giel, déi weiblech si brong an 3–5 mm déck.

Um Spaweck änneren

Commons: Bëschhieselter – Biller, Videoen oder Audiodateien