Natasha Parry
D'Natasha Parry, gebuer den 2. Dezember 1930 zu London, a gestuerwen den 22. Juli 2015 zu La Baule-Escoublac, war eng englesch Schauspillerin.
Natasha Parry | |
---|---|
Gebuertsnumm | Natalie Wills |
Gebuer |
2. Dezember 1930 London |
Gestuerwen |
22. Juli 2015 Saint-Nazaire |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Frankräich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Peter Brook |
Papp | Gordon Parry |
Kanner | Irina Brook, Simon Brook |
Si huet hir Schauspillercarrière mat 12 Joer am Phoenix Theatre zu London ugefaangen. Hir Karriär huet sech méi op der Bün wéi beim Film ofgespillt.
Bekannt Filmer mat hir sinn Monsieur Ripois (1954) vum René Clément, Midnight Lace (1960) vum David Miller a Romeo and Juliet (1968) vum Franco Zeffirelli. Hir lescht Roll am Kino huet si am Joer 2014 an der belsch-lëtzebuergescher Koproduktioun Le goût des myrtilles vum Thomas De Thier gespillt.
Si war d'Duechter vum Filmegisseur Gordon Parry. Vun 1951 bis zu hirem Doud war si mam Theater- a Filmregisseur Peter Brook bestuet.
Filmographie
ännerenKino
änneren- 1949: Golden Arrow - Regie: Gordon Parry - Haaptacteuren: Burgess Meredith, Jean-Pierre Aumont
- 1949: Dance Hall - Regie: Charles Crichton - Haaptacteuren: Diana Dors, Petula Clark
- 1950: Midnight Episode - Regie: Gordon Parry - Haaptacteuren: Stanley Holloway, Wilfrid Hyde-White
- 1951: The Dark Man - Regie: Jeffrey Dell - Haaptacteuren: Edward Underdown
- 1954: Monsieur Ripois - Regie: René Clément - Haaptacteuren: Gérard Philipe, Valerie Hobson
- 1957: Windom's Way - Regie: Ronald Neame - Haaptacteuren: Peter Finch, Mary Ure
- 1959: The Rough and the Smooth - Regie: Robert Siodmak - Haaptacteuren: Nadja Tiller, William Bendix
- 1960: Midnight Lace - Regie: David Miller - Haaptacteuren: Doris Day, Rex Harrison
- 1961: The Fourth Square - Regie: Allan Davis
- 1963: Girl in the Headlines - Regie: Michael Truman - Haaptacteuren: Ian Hendry, Ronald Fraser
- 1964: Nuit noire, Calcutta - Regie: Marin Karmitz - Haaptacteuren: Maurice Garrel (Kuerzfilm)
- 1968: Romeo and Juliet - Regie: Franco Zeffirelli - Haaptacteuren: Leonard Whiting, Olivia Hussey
- 1969: Oh! What a Lovely War - Regie: Richard Attenborough - Haaptacteuren: Colin Farrell, Corin Redgrave
- 1979: Meetings with Remarkable Men - Regie: Peter Brook - Haaptacteuren: Terence Stamp, Colin Blakely
- 1981: La fille prodigue - Regie: Jacques Doillon - Haaptacteuren: Jane Birkin, Michel Piccoli
- 1982: Le lit - Regie: Marion Hänsel - Haaptacteuren: Heinz Bennent, Johan Leysen
- 2014: Le goût des myrtilles - Regie: Thomas De Thier - Haaptacteuren: Michel Piccoli