Francis Van Maele

belschen Editeur

De Francis Van Maele, gebuer 1947, ass e belschen Editeur.

Francis Van Maele
Gebuer 1947
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Editeur
Famill
Kanner Govinda Van Maele, Narayan Van Maele

No sengem Lycée zu Ostende huet hien zu Tournai fir Ingenieur studéiert, an dono vun 1970 bis 1980 fir d'Monsanto zu Iechternach geschafft, dertëscht och 2 Joer a Florida an am Alabama. Vun 1977 bis 1980 huet hien niewelaanscht zu Tréier op der Konschtakademie Serigraphie, Gravur a Fotogravur geléiert.

1980 huet hien zu Iechternach d'Editions Phi gegrënnt, déi Romaner, Erzielungen, Biographien, Gedichtsbänn, Theaterstécker, Konschtgravuren an -dréck, a villes méi, erausbruecht huet.

2002 huet hien de Verlag un aner Leit iwwerginn, fir sech an Irland nidderzeloossen, wou en 2000 de Verlag Redfoxexpress gegrënnt hat. Do gëtt hien, vun 2005 un zesumme mat der Antic-Ham, Serigraphien, Konschtdréck, Fotografien, Gedichtsbänn a soss eraus.

Um Spaweck änneren