Lagunenniwwel

(Virugeleet vu(n) NGC 6523)

De Lagunenniwwel, och Messier 8 oder NGC 6523 bezeechnet, ass eng Struktur aus Emissiouns- a Reflexiounsniwwele mat enger Hellegkeet vu +5,00 mag an enger Wénkelausdeenung vu 45' × 30' am Stärebild Sagittarius. Hie läit op enger Distanz vu 5.200 Liichtjoer.

Amateurfoto vum Lagunenniwwel
Lagunenniwwel
Engleschen Numm Lagoon Nebula
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Katalogbezeechnungen NGC 6523
M 8
Lacaille III.14
Rektaszensioun 118h 03m 42s
Deklinatioun -24° 23'
Equinoxe J2000.0
Visuell Magnitude 6,0m
Distanz 5.200 Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser 45 × 30 Bouminutten
Absolutten Duerchmiesser ~60 Liichtjoer
Dive into the Lagoon Nebula.

Entdeckung änneren

Den Niwwel gouf am Joer 1747 vum franséischen Astronom Guillaume Le Gentil entdeckt.

Morphologie änneren

De Lagunenniwwel ass e grousst Stäregebuertsgebitt an enthält vill Globulen. Am hellsten Deel vum Niwwel ass eng Regioun, déi wéinst hirem Ausgesinn Stonneglas-Niwwel (net ze verwiessele mat dem Sandauer-Niwwel MyCn18) genannt gëtt.

Am Zentrum vum Niwwel ass de jonken oppene Stärekoup NGC 6530, deen aus dem Material vum Niwwel entstanen ass, an en elo un d'Liichte bréngt.

De Lagunenniwwel ass den zweethellste siichtbare Gasniwwel, a ka mat klengen Teleskope gesi ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lagoon Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien