IC 2118
(Virugeleet vu(n) NGC 1909)
Den IC 2118, gëtt wéinst senger Form och Hexekappniwwel genannt, an ass e Reflexiounsniwwel am Stärebild Eridanus. Am NGC Katalog huet en d'Nummer 1909.
IC 2118 Hexekappniwwel | |
---|---|
Stärebild | Eridanus (Eri)
|
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 05h 02m 00s |
Deklinatioun | -07° 54' 00,0" |
Visuell Magnitude | 13 mag |
Distanz | ~1000 Liichtjoer |
Aner Katalognummer | NGC 1909 |
E gëtt vum Rigel, dem hellste Stär am Stärebild Orion, un d'Liichte bruecht. Den Niwwel gesäit blo aus, well seng reng Stëbsdeelercher Blo méi effektiv reflektéiere kënne wéi Rout.