Den NGC 1333 ass en Emissiouns- a Reflexiounsniwwel am Stärebild Perseus entspriechend dem New General Catalogue of Nebulae and Clusters of Stars, engem Katalog vu galakteschen Niwwelen, Stärekéip a Galaxien. Hien huet eng visuell Magnitude vu +5,60 mag. an eng Wénkelausdehnung vu ronn 6' × 3'. Den Astronom Eduard Schönfeld huet den Niwwel dee ronn 1000 Liichtjoer vun der Äerd ewech läit, 1855 entdeckt,.
Dësen Niwwel ass eng riseg Stäregebuertsplaz, mat Stären, déi méi jonk wéi eng Millioun Jore sinn - am Vergläich: eis Sonn ass 4,6 Milliarde Joren al. Dofir gouf de Reflexiounsniwwel an der Vergangenheet dacks mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop duerch Wëssenschafter vun der NASA observéiert.

Date vum NGC 1333
De Reflexiounsniwwel NGC 1333, Foto vum Spitzer-Weltraumteleskop (Infrarout-Foto)
Stärebild Perseus
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 03h 29m 9,53s
Deklinatioun +31° 22' 2,3"
Ausgesinn
Niwweltyp Reflexiounsniwwel
Visuell Magnitude (visuell) +5,6 m
Wénkelduerchmiesser 6' × 3'
Flächenhellegkeet
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der Mëllechstrooss
Distanz 1000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 1333, LBN 741, CED 16, DG 18

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 1333 – Biller, Videoen oder Audiodateien