NGC 1300
Den NGC 1300 ass eng Balkespiralgalaxis am Stärebild Eridanus. Den NGC 1300 huet en Duerchmiesser vu ronn 115.000 Liichtjoer a steet op enger Distanz vun 21 Megaparsec (ronn 70 Millioune Liichtjoer). D'Galaxis huet eng visuell Magnitude vun 10,4 mag an eng Wénkelausdehnung vu 6,2' × 4,1'. Den NGC 1300 ass en treffend Beispill vun enger Balkespiralgalaxis.
Den Zentrum vun der Galaxis weist eng interessant Spiralstruktur mat engem Duerchmiesser vun zirka engem Kiloparsec op.
Date vum NGC 1300 | |
---|---|
![]() NGC 1300 Foto mat der ACS-Kamera vum Hubble Space Telescopes | |
Katalogbezeechnungen | PGC 12412, ESO 547-31, MCG -3-9-18, UGCA 66, IRAS03174-1935 |
Gehéiert zu der Grupp | Eridanus-Galaxiëkoup |
Hubble-Sequenz | SBbc |
Rektaszensioun | 3h 19m 41s |
Deklinatioun | -19° 24' 40" |
Equinoxe | J2000.0 |
Visuell Magnitude | 10,4m |
Distanz | 69 Millioune Liichtjoer |
Radial Relativvitess | |
Absolut Hellegkeet | |
Wénkelduerchmiesser | 6,2' × 4,1' |
Absolutten Duerchmiesser | 115.000 Liichtjoer |
Stärebild | Eridanus (Eri)
|
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: NGC 1300 – Biller, Videoen oder Audiodateien |